arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Paulette Lenert um LSAP-Bezierkskongress: "Den Osten ass net gebrach"

Parteien

|
headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Paulette Lenert um LSAP-Bezierkskongress: "Den Osten ass net gebrach"

Charel Heim a Paulette Lenert, esou heescht déi nei Duebelspëtzt vun der LSAP am Osten. Um Bezierkskongress gëschter Owend zu Mäertert goufe si vum Comité zu de Co-Presidente gewielt.

headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow

De Charel Heim ass Gemengeconseiller zu Iechternach. D’Deputéiert Paulette Lenert war bis elo Vizepresidentin vum Ost-Bezierk.

Si trieden zesummen d’Nofolleg vum Ben Streff un. Deen hat am Januar wësse gedoen, datt hien als Bezierkspresident géif ophalen a sech och aus der Parteizentral wéilt zeréckzéien. Als Grond dofir hat hien ënner anerem genannt, datt fréier Minister:innen net aktiv genuch um Terrain wieren. Trotz der Kritik, mat där wuel och si viséiert war, huet d’Paulette Lenert de Ben Streff gëschter fir säin Engagement gelueft. Allgemeng wier ee staarken Interessi am Osten ze spieren, esou d’LSAP-Deputéiert. D'Dynamik um Terrain wier do an den Oste wier alles aneres wéi gebrach.

"Jo, et sinn d'Gallier hei, wou mir grad hei sinn an der Gemeng. Mee generell hu mir eis iergendwéi geschloen am Osten. Mir sinn do. Mir hunn eng Presenz. Et associéiert een eis mat eppes. An dat ass e grousse Merite vun all deene Leit, déi hei scho vill Viraarbecht gemaach hunn, déi den Terrain preparéiert hunn."

Grad de Ben Streff hätt sech am Oste vill agesat, virun allem fir jonk Leit ze mobiliséieren.  

play_arrow Lauschteren