arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Finanzaffär mécht de Chamberbüro eng Plainte géint Piraten-Deputéiert

Chamber

|
headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow

No Finanzaffär mécht de Chamberbüro eng Plainte géint Piraten-Deputéiert

An der Suite vun der Finanzaffär ronderëm d'Sensibilité politique vun de Piraten huet de Chamberbüro Plainte géint d’Piraten-Deputéiert agereecht. Dat huet de Chamberpresident Claude Wiseler den Donneschdeg bekannt ginn.

headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow

De Rechnungshaff hat viru gutt enger Woch e Spezialrapport presentéiert an eng ganz Partie Irregularitéiten an der Comptabilitéit vun de Piraten tëschent 2018 an 2023 festgestallt.

No enger weiderer Analys vum Service juridique vun der Chamber koum de Chamberbüro zum Schluss Plainte ze maachen. Géint wie genee konnt de Chamberpresident Claude Wiseler net soen.

"An dësem Moment hunn ech en Dossier vun der Cours des Comptes do leien. An deen Dossier vun der Cours des Comptes ass anonymiséiert. Do sti keng Nimm."

Et wier elo um Parquet ze kucken, wéi en un den Dossier erugeet, esou nach de Claude Wiseler.

Affär wäert och disziplinaresch Suitten hunn

Iwwerdeems huet de Claude Wiseler annoncéiert, datt dës Affär och nach disziplinaresche Suitten an der Chamber fir déi Concernéiert no sech zeien wäert. Dës Schrëtt wiere vun him als Chamberspresident à ce stade awer nach net ageleet ginn.

"Mir mussen nach kucken, wéi mir et maachen, well mir Données anonymes momentan just hunn. Eng Affaire disciplinaire ass ëmmer eng individuell Affär. An dee Problem an déi Fro musse mir nach léisen."

Onreegelméissegkeeten an de Finanze vun der Piraten-Sensibilitéit goufen et notamment bei Reeskäschten, Restaurantsrechnungen oder och bei engem Prêt vu ronn 32.000 Euro, deen de Piraten-Deputéierte Marc Goergen sech vun der Sensibilitéit ausgeléint hat.

play_arrow Lauschteren