arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Friedrich Merz mat grousser Majoritéit als CDU-President erëmgewielt

Däitschland

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Friedrich Merz mat grousser Majoritéit als CDU-President erëmgewielt

Um Parteikongress vun der däitscher CDU ass de Friedrich Merz mat ronn 91 Prozent vun den Delegéiertestëmmen als Parteichef erëmgewielt ginn. Op sengem éischte Kongress als Bundeskanzler konnt de Regierungschef awer keng grouss Begeeschterung ausléisen.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© EPA/RONALD WITTEK
(Foto: EPA/RONALD WITTEK)

Op een déi politesch Iwwerzeegunge vum Friedrich Merz elo deelt oder net, eppes muss een dem däitsche Bundeskanzler zu gutt halen: Hien ass e gudde Riedner. Dat huet hien eréischt d’lescht Woch mat senger emanzipatorescher Europa-Ried op der Münchener Sécherheetskonferenz bewisen.

Op sengem éischte Parteikongress als gewielte Bundeskanzler zu Stuttgart ass de Friedrich Merz mat senger Ried allerdéngs hannert den Erwaardungen zeréckbliwwen. D’Partei, déi sech dringend wëllt a muss reforméieren, hat eng Opbrochstëmmung erwaart. Si krut awer eng Ried, déi éischter eng Regierungserklärung war. Net vill Ambitioun, net vill nei Iddien.

AfD soll kee Partner fir d'CDU sinn

Ëmmerhinn: Mat Vue op d’Landtagswalen am Hierscht an Ostdäitschland, fënnt de Kanzler kloer Wierder, wat eng Zesummenaarbecht mat der rietsextremer AfD ugeet:


“Diese Partei kann kein Partner für uns sein, wir werden es nicht tun, und wir müssen diesen Kampf aufnehmen, meine Damen und Herren, auch im Herbst im Osten, um zu verhindern, dass in Deutschland der Rechtsradikalismus wieder in die Staatskanzlei einzieht.”

Intern Konflikter bei der CDU

Et hat am Virfeld vum CDU-Parteidag nees ganz schéi geknuppt. Sou wollt zum Beispill de Wirtschaftsflillek vun der Partei d’Deelzäit-Aarbecht grondleeënd reforméieren, war mat senger Propos awer esouwäit iwwert d’Zil erausgeschoss, datt elo all Reformpropos onméiglech schéngt.

Dozou den Dennis Radtke, Chef vun Salariés-Genossenschaft vun der CDU:


"Wenn wir mit wilden Einzelvorschlägen...da versperren wir uns am Ende den Weg zu den unbestreitbar notwendigen Reformen einfach selbst, weil die Leute sich getriggerd fühlen, weil die Menschen Angst haben"

Thema Verbuet vu soziale Medie fir Kanner

Haut um zweeten Dag vum Stuttgarter Parteidag, wëllen d’Delegéiert vun der gréisster däitscher Partei doriwwer schwätzen, ob sozial Medie fir Kanner bis e bestëmmten Alter sollte verbuede ginn. 

De Friedrich Merz hat sech am Virfeld schonn dofir ausgeschwat. Sollt d’Unioun dat Zil verfollegen, et wier jiddefalls mol eppes Konkretes. Ob et der Partei beim jonken Elektorat, wat hier esou dringend feelt, vill Sympathien abréngt – dat ass eng aner Fro.

play_arrow Lauschteren