arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Friedrich Merz wëllt eng mei staark mee fair Zesummenaarbecht mat China

China - Däitschland

|
headphones

1 min

Friedrich Merz wëllt eng mei staark mee fair Zesummenaarbecht mat China

Den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz ass op Visitt a China. Am Mëttelpunkt steet ënner anerem déi wirtschaftlech Zesummenaarbecht tëschent China an där gréisster Ekonomie an der EU.

headphones

1 min

Friedrich Merz (lénks) a Xi Jinping (riets) | © EPA/MICHAEL KAPPELER / POOL
Friedrich Merz (lénks) a Xi Jinping (riets) (Foto: EPA/MICHAEL KAPPELER / POOL)

Den däitsche Bundeskanzler hat fir d‘éischt de chineesesche Premier Li Quiang gesinn, duerno de Staatschef Xi Jingping. Hie sot, datt Däitschland a China hir Kooperatioun verdéiwe missten, mee d‘Zesummenaarbecht misst och fair sinn.

Béid Länner misste, senger Meenung no, och hir Regierungskonsultatiounen frësch lancéieren, déi duerch de Regierungswiessel zu Berlin an duerch d‘Pandemie ënnerbrach gi wieren. 

De Xi Jingping sot, datt d‘Länner an dëser oniwwersiichtlecher Welt missten zesummenhalen. China géif och e staarkt an autonoomt Europa verdeedegen an hie géif op besser Relatiounen tëscht China an der EU hoffen.