arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Plainte vum Chamberbüro: Piraten am Ongewëssen

Finanzaffär vun de Piraten

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

No Plainte vum Chamberbüro: Piraten am Ongewëssen

De Piraten-Deputéierte Marc Goergen seet op Nofro hin, hien hätt vun der Justiz nach näischt héiere wéinst der Plainte vun der Chamber géint Piratendeputéiert. An deemno hätt hien den Ament och nach keng weider Detailer dozou, wat der Sensibilitéit genau reprochéiert gëtt, esou de Marc Goergen.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

An der Suite vun der Finanzaffär ronderëm d’Sensibilitéit vun de Piraten, hat de Chamberbüro um Donneschdeg Plainte gemaach.

De Piraten-Deputéierte Sven Clement wollt sech net heizou äusseren. Den zoustännegen Affekot vun der Sensibilitéit, de Me Pol Urbany sot op Nofro hin, et misst een den Dossier elo genau examinéieren an och préiwen ob d‘Prozedure vun der Chamber richteg agehale gi wieren.

Ee “Stuerm am Waasserglas”

De Me Pol Urbany deen d’Sensibilitéit an dëser Saach wäert vertrieden, ass gëschter mam Fall beoptraagt ginn. Op Nofro, sot de Me Urbany, datt hien d’Behaaptunge vun der Cour des Comptes a vum Chambersbüro genau iwwerpréiwe wäert. Et wier ze kucken, ob do iwwerhaapt strofrechtlech eppes dru wier oder ob dat ganzt  ee “Stuerm am Waasserglas” wier, esou den Affekot.

Wat déi méiglech disziplinaresch Suitten ugeet, déi d’Chamber géint de Marc Goergen a säi Parteikolleeg Sven Clement  - a potentiell och géint de Ben Polidori dee mëttlerweil bei d’LSAP gewiesselt ass - aleede kéint, sot de Piraten-Deputéierte Marc Goergen op Nofro hin, déi “dramateschst Suite” wier, datt hie säi Mandat an der Chamber verléiert.

An dësem Fall géif, d’Morgan Engel - Zweetgewielten aus dem Walbezierk Süde fir hien an d’Chamber noréckelen. Net awer fir d’Piratepartei, mee fir d’LSAP.

D’Déifferdenger Gemengeconseillère Morgan Engel hat am Dezember de Piraten de Réck gedréint a war bei d’Sozialiste riwwer gewiesselt.

Ee politesche Calcul?

De Piraten-Deputéierte Marc Goergen schwätzt bei dëse potentielle Suitte vun engem politesche Calcul. D’LSAP hätt domat 13 Sëtz - just nach ee manner wéi d’Regierungspartei DP.

De Rechnungshaff hat viru gutt enger Woch e Spezialrapport presentéiert - an hei op eng ganz Partie Irregularitéiten an der Comptabilitéit vun de Pirate vun 2018 bis 2023 opmierksam gemaach.

No enger weiderer Analys vum Service juridique vun der Chamber hat de Chamberbüro decidéiert Plainte ze maachen. Géint wie genau ass net bekannt. Dat well am Dossier vum Rechnungshaff och keng Nimm genannt gi sinn, esou d'Erklärung vum Chamberpresident Claude Wiseler.

play_arrow Lauschteren