Radioen

On air

Spektrum  |  Zach Bryan - Sandpaper Feat. Bruce Springsteen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neesopbau vun der Ukrain géing aktuell bal 500 Milliarden Dollar kaschten

Aktuelle Rapport

Neesopbau vun der Ukrain géing aktuell bal 500 Milliarden Dollar kaschten

De Schued, deen an der Ukrain duerch de Krich entstanen ass, gëtt mëttlerweil op ronn 152 Milliarden Dollar geschat. Déi Zuel steet an engem Rapport vun der ukrainescher Regierung, der Weltbank a de Vereenten Natiounen.

auto_stories

1 min

Ukrain Charkiw | © picture alliance / Daniel Kubirski
Zerstéiert Wunngebaier wéi hei zu Charkiw ginn et der ëmmer méi. (Foto: picture alliance / Daniel Kubirski)

Een Neesopbau géif bal 500 Milliarden Dollar kaschten. Am meeschte betraff si Wunnengen, Verkéier, Handel an Industrie, souwéi d'Landwirtschaft.

Iwwerdeems huet Russland d‘Ukrain hënt nees massiv bombardéiert. Vu 26 Rakéiten hätten der 13 kënnen ofgefaange ginn. Bei den Attacken uechter d‘Land gouf et awer op d‘Mannst een Doudesaffer a vill Blesséierter. Eng Brigad vun der ukrainescher Arméi gouf de Mueren iwwerdeems urgent als Renforcement op Avdiivka geschéckt, am Oste vum Land, dem aktuellen Epizenter vun de Kämpf. D‘Situatioun op der Plaz wier deemno ganz kritesch, heescht et vu Säite vun der Arméi.

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj wäert muer a Westeuropa reesen. Geplangt si Gespréicher zu Paräis mam President Emmanuel Macron an zu Berlin mam Kanzler Olaf Scholz. E Samschdeg soll hien un der UNO-Sécherheetskonferenz zu München deelhuelen a wäert do ënnert anerem der amerikanescher Vizepresidentin Kamala Harris begéinen.