Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weltwäite Fluchverkéier wäert de Rekord vu virun der Pandemie iwwertreffen

5 Milliarde Passagéier gi sech erwaart

Weltwäite Fluchverkéier wäert de Rekord vu virun der Pandemie iwwertreffen

De weltwäite Fluchverkéier huet däitlech zougeholl: Fir dëst Joer géifen d‘Fluchgesellschaften sech eng Rekordzuel vu bal 5 Milliarde Passagéier weltwäit erwaarden. Dat huet déi international Associatioun fir de Fluchtransport IATA op hirer Generalversammlung zu Dubai matgedeelt.

auto_stories

1 min

Passageier Flughafen | © Bigstock
Foto: Bigstock

Dës Zuel, wa si sech confirméiert, géif wäit iwwert dem viregte Rekord vun 2019 leien, also vu virun der Pandemie.

Um finanzielle Plang seet d‘IATA, d'Fluggesellschafte géifen dëst Joer mat engem weltwäite Benefice vun 30,5 Milliarden US-Dollar rechnen. Dat wier och méi wéi déi 27,4 Milliarden Dollar Benefice, déi fir d‘lescht Joer geschat ginn.