Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Maya Likembe - Stella

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Airbus kritt een Optrag an Héicht vun 2,7 Milliarden Dollar

Cathay Pacific

Airbus kritt een Optrag an Héicht vun 2,7 Milliarden Dollar

Den europäesche Fligerconstructeur Airbus krut e milliardeschwéieren Optrag vu Cathay Pacific aus Hong Kong. D‘Cargofluchgesellschaft huet sechs Maschinne vum Typ A350 bestallt, mat enger Optioun op 20 weider Fligeren.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / NurPhoto | Vernon Yuen

Se sollen tëscht 2027 an 2029 ausgeliwwert gi fir e Käschtepunkt vu ronn 2,7 Milliarden Dollar. Cathay Pacific huet eng vun de gréisste Cargo-Flotten op der Welt. Bei dësem Optrag huet Airbus sech géint den US-Konkurrent Boeing duerchgesat.