Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - Diamond Dancer

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ China Southern plangt ab Enn dës Joers Flich vu Lëtzebuerg a China

Aviatioun

China Southern plangt ab Enn dës Joers Flich vu Lëtzebuerg a China

Déi gréisst asiatesch Fluchgesellschaft soll vun Enn vum Joer u reegelméisseg mat Passagéier aus China op Lëtzebuerg fléien.

auto_stories

1 min

Dat huet de spezialiséieren Internetsite Aeroroutes ugekënnegt.

D’Gesellschaft China Southern géif plange vum 21. Dezember dëst Joer un eng Kéier d’Woch, mat engem Airbus 350-900-Fliger vun de Stied Guangzhou a Zhengzhou aus, op Lëtzebuerg ze fléien.

Dëst wieren déi éischt regulär Passagéierflich tëschent Festland-China an dem Grand-Duché, heescht et weider.