Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'EU decidéiert een neie juristesche Kader fir Russland-Sanktiounen

Wéinst der Ënnerdréckung vun der Oppositioun

D'EU decidéiert een neie juristesche Kader fir Russland-Sanktiounen

D’EU-Ausseminister hunn dräi an een hallwe Mount nom Dout vum russeschen Oppositiounspolitiker Alexei Navalny een Accord fonnt iwwert een neie juristesche Kader iwwert Sanktioune wéinst schwéiere Mënscherechtsverletzungen a Russland.

auto_stories

1 min

Foto: EU

D’Strofmoossname kënne géint Persounen oder Organisatiounen decidéiert ginn, déi fir d’Ënnerdréckung vun der Oppositioun zoustänneg sinn. Dat krut d‘Deutsche Presseagentur vun e puer Diplomate matgedeelt.