Radioen

On air

Notturno  |  Jules Ahoi - Magnolia

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Naturschutz an der Landwirtschaft

Naturschutzsyndicat SIAS

Naturschutz an der Landwirtschaft

Duerch d’Landwirtschaft si Liewensraim fir vill Déieren- a Planzenaarten entstanen, mee haut ass se och ee vun den Haaptgrënn fir de Réckgang an der Biodiversitéit. D’Tessy Steffen Koenig schwätzt mam Agraringenieur Marc Thiel vum Naturschutzsyndicat SIAS iwwer de Mënsch a säin Afloss op d’Natur.

auto_stories

3 min

headphones

22 min

© Tessy Steffen Koenig play_arrow
(Foto: Tessy Steffen Koenig)

De Mënsch schafft zanter Joerdausende an a mat der Natur an huet eng divers Landschaft geschaaft. Vill Déieren- a Planzenaarten hunn hei en Doheem fonnt, mee déi modern Landwirtschaft stellt dëse Liewensraum virun eng Rei Problemer.

D'Landwirtschaft kann eng Zort "Booster" fir d'Biodiversitéit sinn

Den Afloss vum Mënsch op d’Natur wier keng Entwécklung vun e puer Joer, mee hätt sech iwwer Joerdausenden zu deem geformt, dat mer haut an der Landschaft gesinn. Déi grouss Felder a landwirtschaftlech Fläche géifen et ouni de Mënsch net ginn, erkläert de Marc Thiel vum Naturschutzsyndicat SIAS.

Den Agraringenieur betount, datt dës Flächen, och Oppeland genannt, ee vum Mënsch geschaafte Liewensraum ass. Dora géifen Déieren- a Planzenaarte liewen, déi et an där Form an Unzuel net géife ginn, ouni den Afloss vum Mënsch. D’Landwirtschaft wier also an deem Sënn eng Zort “Booster” fir d’Biodiversitéit.

Den negativen Impakt vun der moderner Landwirtschaft

Haut géif dat allerdéngs anescht ausgesinn, heescht et vum Marc Thiel. D’Landwirtschaft wier haut ee vun den Haaptfacteure fir de Réckgang vun der Biodiversitéit. Zanter der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert hätte gréisser Ännerungen an der Landwirtschaft fir en Ëmschwong gesuergt.

Chemeschen Dünger, Pestiziden an nei Maschinerie hätten e groussen Impakt op d’Landwirtschaft gehat. De Marc Thiel erkläert, datt ënner anerem de Phenomen vum “Remembrement” ee wichtege Facteur wier. Hei géifen déi kleng an divers Felder vun de Baueren zesummegeluecht ginn, déi besser fir déi grouss Maschinne gëeegent wieren.

Dat wier gutt fir d’Produktioun, mee schlecht fir d’Biodiversitéit. Hecken a Wisen, déi Liewensraum fir all Zorte vun Déieren a Planze gebueden hunn, hu misse Plaz maache fir grouss monoton Felder.

Biolandwirtschaft rentabel maachen

Fir dem Réckgang vun der Biodiversitéit entgéintzewierken, wier d’Biolandwirtschaft eng vun de beschten Optiounen. D’Biolandwirtschaft géif op allen Niveauen op d’Ëmwelt oppassen. De SIAS géif sech dofir aktiv asetzen, fir mat de Baueren zesummenzeschaffen.

De Biodiversitéitsprogramm vum SIAS géif mat Primme schaffen, wann de Bauer sech bereet erkläert, fir méi ökologesch ze schaffen. Esou soll den Naturschutz een attraktiven a rentabele Wirtschaftszweig ginn. 1,8 Milliounen Euro wäerten am nächste Joer un d’Baueren a Wënzer goen, déi biologesch Moossnamen an hir Wirtschaft integréieren.

De Marc Thiel ergänzt, datt et haut scho Betriber géife ginn, déi grouss Deeler vun hirer Aktivitéit op de Volet vum Naturschutz ausgeriicht hunn. Et wier eng Schinn déi fir ëmmer méi Bauerebetriber interessant gëtt.

Manner Betriber, mee méi Naturschutz

20 bis 30 Prozent vun de Betriber zu Lëtzebuerg hätten aktuell kee sécheren Nofollger. Vill dovu géifen da vun der Famill a méi klengem Stil weidergefouert ginn. Do wier net de selwechte Produktiounsdrang an domat méi Geleeënheet fir biologesch Mesuren ze ergräifen, heescht et vum Marc Thiel.

Et bréicht een e Changement an der Denkweis: amplaz vun den Tonne pro Hektar, no deenen déi meescht Betriber aktuell funktionéieren, kéint een an Euro pro Stonn denken. Esou géif net d’Quantitéit vun der Produktioun, mee de Revenu an der Vierdergrond réckelen.

D’Zil vum SIAS wier et, den Natur- a Biodiversitéitsschutz eng rentabel Optioun an der Landwirtschaft ze maachen. De Marc Thiel ass optimistesch, well et stéing een a guddem Kontakt zu de Baueren.

Lauschterenplay_arrow


Interview: Tessy Steffen Koenig

Text: Kevin Nilles