D’Positioun vun de Fraen an de Froe vu Sécherheet an Defense, stellt sech och fir d’Lëtzebuerger Arméi a fir d’Police. Groussbritannien huet sech d’Zil gesat vun 30 Prozent Fraen an der Arméi bis 2030. Zu Lëtzebuerg sinn et 10 Prozent. Et huet ee sech keng Quot gesat, preziséiert d’Defense Ministerin Yuriko Backes. Bannent de leschte Jore goufen an der Arméi méi Frae rekrutéiert, sief dat als Zaldot oder och als zivil Mataarbechter. Do géifen et keng Grenze ginn, wat déi berufflech Aktivitéite gëtt, erkläert de Chef d’état major de Generol Steve Thull.
"Mir hu praktesch all Job, wou een dobausse ka fannen. An all Job, deen ee bei eis ka brigéieren, deen ass oppe fir Fra a fir Mann. Also d'Iddi, datt mir reservéiert Plazen hätte fir Männer, dat ass net wouer."
Frae missten an der Arméi och déi selwecht Niveauen erreechen ewéi d’Männer, dat heescht si mussen och kënnen eng schwéier Laascht droen, esou den Generol Steve Thull weider.
Keng Fraen an der Hierarchie vun der Arméi
An der Hierarchie vun der Arméi ginn et fir den Ament nëmme Männer op den ieweschte Posten.
Dem Steve Thull no, misst een nach e puer Joer waarden, bis datt genuch Fraen eng Erfarung an der Arméi gesammelt hunn, fir och Féierungsposte kënnen ze kréien.
Formatiounen iwwer Genderfroe fir all Mataarbechter:innen an der Defense
D’Frae mussen och geschützt ginn, ënnert anerem géint sexuell Gewalt, déi ëmmer nees als Krichswaff agesat gëtt. Do géif et eng Nulltoleranz ginn, esou d’Yuriko Backes, déi an hirem zweeten nationale Plang och d’Aféiere vun enger Formatioun op alle Niveaue proposéiert. Zum Beispill obligatoresch Formatioun iwwer Genderfroe fir d'Mataarbechterinnen an d'Mataarbechter an der Arméi, oder an der Direction de la Défense.
Am zweete nationale Plang fir "Fraen, Fridden a Sécherheet" ginn et och nei Moossnamen ewéi zum Beispill d’Cybersécherheet, oder aner Forme vu Geforen, fir sech deenen neien Defien unzepassen.