De Youcef kënnt aus dem Sudan a wäert schonn zanter engem Mount "heibannen." Mat "heibannen" mengt de Youcef ee klengt wäisst Zelt ënnert dem Pont Adolphe an der Stad. Niewendru sinn nach dräi weider Zelter opgeschloen. Virun engem gudde Mount ass den 23 Joer ale Sudanees op Lëtzebuerg komm. Eng Plaz an enger Hebergementsstruktur krut hie bis elo net. Wann et him ze kal ënnert der Bréck gëtt, geet hien op de Findel an d’Wanteraktioun schlofen. Awer net gären.
"Do si vill Leit a jiddereen ass krank. Mee hei ass et kal an um Findel, do ass et ok. Ech waarden op d’Lëscht vum Ministère. Ech ginn all Dag kucken. Ech waarden elo."
De System stéisst u seng Limitten
Wann eng Plaz an enger Hebergementsstruktur vum Office national de l’accueil fräi gëtt, da kënnt dem Youcef säin Numm op d’Lëscht vum ONA stoen. D‘Decisioun fir esou ee Prioritéitssystem anzeféieren huet de Jean Asselborn Enn Oktober op enger Pressekonferenz bekannt ginn.
De Grand-Duché géing beim Accueil vun de Flüchtlingen u seng Limitte stoussen, war et d‘Begrënnung vum fréieren Ausseminister an deem Kontext am 100,7 Interview.
"Fuere mir weider bis et guer net méi geet oder setze mir elo Zeechen? Datt mir zum Beispill Leit, wéi dat och an der Belsch geschitt ass, déi Dubliner, déi schonn an engem anere Land waren an d’Männer eleng, déi ënnerwee sinn, ob mir déi dann nach direkt kënnen ophuelen? Da musse mir eng Prioritéitelëscht maachen, wou mir dann hinne soen, dat geet elo net direkt, mir si voll. Mir musse Plaz behale fir Famillen déi kommen, och Regroupement familial kréie mir nach. Och fir mech ass dat do eng immens bedréckend Situatioun."
Dee Moment, also Enn Oktober, ware Ronn 1.900 Demande-de-protection-internationalen zu Lëtzebuerg fir d’Joer 2023 déposéiert ginn.
"Mir hunn elo vun deenen 1.918 Demanden, hu mir an deene leschten zwee bis dräi Méint si mir vun 18 Prozent op 49 Prozent geklomm, wat den Eurodac System ugeet. Dat heescht, dat sinn Dublin-Fäll. Also bis 50 Prozent, déi hei Asyl froen, sinn eigentlech net fir eis, mee missten an deem Land bleiwen, wou se hir Demande gestallt hunn."
Asbl Passerell: Kritik un der Asylpolitik
D'Asbl Passerell, déi juristeschen an administrative Bäistand am Asylrecht leescht a mat de concernéierte Refugiéen am Kontakt steet, kritiséiert déi rezent Ännerungen an der Asylpolitik. Och d’Critèrë vum Prioritéitesystem wieren net kloer, fënnt d’Presidentin Marion Dubois.
"C’est assez flou les critères qui sont pris en compte pour déterminer à qui on donne une place et à qui on ne donne pas une. Il y a bien sûr, je pense, le critère de la date d’arrivée et des vulnérabilités particulières en fonction de l’âge, d’une maladie, d’un possible traumatisme, donc ça doit rentrer en jeu."
De fréieren Ausseminister huet ëmmer nees betount, datt déi nei Reglementatioun just déi sougenannten Dubliner géif betreffen. Dat kann d’Marion Dubois vun der ASBL Passerell awer net bestätegen.
"Pas nécessairement. C’est toujours des hommes seuls, mais tous ne sont pas officiellement en procédure Dublin."
Verstouss géingt d'Mënscherechter?
D‘Presidentin vu Passerell schwätzt vun engem Verstouss géint d’Mënscherechter. D’ASBL wéilt sech weider mobiliséiere fir op déi problematesch Situatioun opmierksam ze maachen.
"On a besoin que cette violation soit reconnue. Donc on continue d’alerter sur la question et de se mobiliser pour saisir les institutions supranationales ou les juridictions compétentes qui pourront se prononcer sur la matière."
Een éischt Gespréich am Dezember mat den neien zoustännege Ministeren, dem Inneminister Léon Gloden an dem Minister fir d’Famill an den Acceuil, Max Hahn, hätt awer gewisen, datt déi Regierung gewëllt wier, eppes ze änneren. Dat wier positiv, esou d’Marion Dubois vu Passerell. Mee:
"Par contre, ils nous ont aussi avoué, à demi-mot, qu’il n’y aurait pas de résolution du problème de la liste d’attente de ces hommes seuls à la rue du jour au lendemain. Ça reste inquiétant et je sais et je vais le répéter, c’est un non-respect des engagements du Luxembourg, un non-respect des droits humains qui est très important, sur lequel il n’a pas une prise de position pour faire changer les choses dans l’urgence."
Am Ganzen hunn 2.265 Persounen tëschent Januar an November 2023 eng Demande de Protection internationale gestallt. An 144 Fäll huet sech Lëtzebuerg Kader vun der Dublin-Prozedur fir “net zoustänneg” erkläert.
Den nächste Mëttwoch gëtt de Volet "Immigratioun" aus dem neie Koalitiounsaccord iwwerdeems an der Chamber vum Inneminister Léon Gloden presentéiert.