Radioen

On air

Notturno  |  Lata Gouveia - Wrong

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nach ëmmer Greenwashing bei de Lëtzebuerger Banken

Greenpeace

Nach ëmmer Greenwashing bei de Lëtzebuerger Banken

Schlecht Berodung a falsch Verspriechen: fir Greenpeace sinn d‘Lëtzebuerger Banken nach ëmmer net op der Héicht, wann et ëm nohalteg Investmentfonge geet.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Alain Pitton
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Alain Pitton)

Aus Greenpeace-Recherche geet ervir, datt Investmentfonge géingen domat Reklamm maachen, datt se ee positiven Impakt op d’ Ëmwelt hunn, mee dat meescht dovunner wier awer nëmme Greenwashing.

D‘Banke géifen hir Clientèle lénken. Och d’Beroder a Beroderinnen an de Banke wieren net drop ausgebilt eng kompetent Berodung zu nohaltegen Investissementer ze ginn.

Greenpeace appelléiert un déi zukünfteg Regierung fir kloer Direktiven auszeschaffen, déi d’Publicitéit fir Finanzproduite géinge regléieren.