Duerch de Kuerze war ee Feier entstanen. D'Flamen haten e puer elektresch Leitunge beschiedegt. D'Schächt konnten eréischt reamenagéiert ginn, wou de de Brand geläscht war, erkläert de Marc Meyer vun der Creos.
"Am Kloertext sinn eis Equippen de Moien um 8:00 Auer op der Plaz gewiescht, zesumme mat deenen aneren Entreprisen, fir d'Schächt ze botzen an dono si mer ragaangen. Nodeems se gebotzt waren, konnte mir de Mëtten ufänken, fir déi beschiedegt, Kabelen erauszezéien a mir sinn de Moment amgaang nei Kabelen eranzezéien."
Den Owend géint 7 Auer missten d’Aarbechten dann ofgeschloss sinn, esou nach de Marc Meyer.