Radioen

On air

Vue sur mer  |  Elijah Hewson - A Question Of You - Inhaler

play_arrow Live
search

/ Mouvement Écologique fuerdert, datt Klimasozialplang ausgeschafft gëtt

Bis elo nach net geschitt

Mouvement Écologique fuerdert, datt Klimasozialplang ausgeschafft gëtt

D'Stroumpräisser fir Waasserpompelen a fir Elektrogefierer mussen och nom Ophiewe vum Präisdeckel méi gënschteg bleiwen am Verglach mat de fossillen Energien. Dat fuerdert de Mouvement écologique.

auto_stories

1 min

Fir eng erfollegräich Energietransitioun bräicht een eng kohärent Strategie, déi fir den Ament awer nach géif feelen, esou d’Presidentin vum Mouvement Écologique Blanche Weber. D’Stéit an och d’Betriber wiere veronséchert wa se net d’Garantie kréien, datt et sech och finanziell lount fir an déi klimaschounend Solaranlagen, Wäermepompelen oder Elektrogefierer ze investéieren.

Bei den Chargy-Luedstatioune wieren zum Beispill d’Stroumtariffer ëm 50 Prozent geklommen.

Weider fuerdert de Mouvement écologique, datt d’Regierung de Klimasozialplang ausschafft. Dee Plang muss nämlech bis Enn Juni un d’EU-Kommissioun geschéckt ginn. Bis elo krut de Mouvement écologique keng Informatiounen driwwer.