Radioen

On air

Notturno  |  Sven Sauber - Fading Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Mouvement Ecologique: Grouss Froe goufen um Landwirtschaftsdësch net thematiséiert

Och Greenpeace Lëtzebuerg reagéiert

Mouvement Ecologique: Grouss Froe goufen um Landwirtschaftsdësch net thematiséiert

D’Ëmweltverbänn Greenpeace Lëtzebuerg a Mouvement Ecologique weise sech insgesamt zefridde mat de Resultater vum éischten institutionaliséierte Landwirtschaftsdësch. Prozeduren ze vereinfache wier natierlech wichteg, mee et feelt den Ëmweltverbänn awer u substanzielle Froen, déi gëschter net thematiséiert goufen. 

auto_stories

2 min

© Chris Zeien
(Foto: Chris Zeien)

Eng Rei wichteg Saache goufe gëschter um éischten institutionaliséierte Landwirtschaftsdësch tëschent Landwirtschaftsministesch Martine Hansen, Ëmweltminister Serge Wilmes a Vertrieder vum Landwirtschaftssecteur diskutéiert, do si sech béid Ëmweltverbänn eens.

Greenpeace: Zil ass eng nohalteg Landwirtschaft

De Raymond Aandekerk vu Greenpeace Lëtzebuerg begréisst déi nei pragmatesch a léisungsorientéiert Approche vum Landwirtschafts- an och vum Ëmweltministère. Hie gesäit dëse Landwirtschaftsdësch awer nëmmen als een Ufank vun enger gréisserer Zesummenaarbecht.

“Dat hei ware jo lo méi punktuell Saachen, wou d’Baueren elo direkt Problemer hunn, well si a Prozeduren dra sinn an et net weidergeet. Dat mengen ech war lo mol eng Alerte, déi huet missen diskutéiert ginn, an ech mengen dat ass och ganz richteg. Et kann een nëmme rappeléieren, och déi Gesamptperspektiv gesäit wéi d’Landwirtschaft sech soll weiderhin orientéieren. An do dono soll sech dann och eng Investitiounspolitik ausriichten, datt mir awer zu enger nohalteger Landwirtschaft kommen.” 

Blanche Weber: Den Debat fir méi Acteuren opmaachen

De Mouvement Ecologique geet do nach méi wäit: d’Presidentin Blanche Weber bedauert, datt eng Rei strukturell Froe gëschter net thematiséiert goufen. Si wënscht sech, datt den nächste Landwirtschaftsdësch méi an d‘Substanz geet:

„Well zu Lëtzebuerg geet d‘Zuel vun de Bauerenhäff zeréck, ganz erhieflech zeréck. A mir hunn och zum Deel e Problem vu Successioun an de Bauerebetriber. Mir hunn de Problem vu Secteuren, wou et ekonomesch net sou funktionéiert. Mir hunn de Besoin no méi enger Diversifizéierung. Mir hunn d‘Thematik, datt d‘Landwirtschaft Mat-Verursaacher ass, wéi si haut organiséiert ass, vun der Biodiversitéitskris.“ 

Ausserdeem fuerdert de Mouvement Ecologique, datt den Debat iwwert d’Landwirtschaftsentwécklung och fir aner Acteuren opgemaach gëtt. Och Ëmweltverbänn misste beim nächste Landwirtschaftsdësch mat agebonne ginn, fir déi fundamental Froe vun der Agrarpolitik unzegoen, sou nach d’Blanche Weber. 

Lauschterenplay_arrow