Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino: Wie kontrolléiert wien?

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ​Moskau feiert éischte Joresdag vun der Annexioun vun ukraineschen Territoiren

Russland

​Moskau feiert éischte Joresdag vun der Annexioun vun ukraineschen Territoiren

Zu Moskau gëtt haut den éischte Joresdag vun der Annexioun vun den ukraineschen Territoire Cherson, Saporischschja, Donezk a Luhansk gefeiert. Dat mat engem grousse Concert op der rouder Plaz zu Moskau. 

auto_stories

1 min

Aktuell kontrolléieren déi russesch Truppe keng vun dëse Regioune ganz, dat wéinst der ukrainescher Géigenoffensiv. Allerdéngs schafft Russland weider un der kompletter Iwwernam.

Moskau mellt de Moien och, datt si eelef ukrainesch Dronen erof geschoss hunn. Dat iwwert engem russeschen Duerf un der Grenz mat der Ukrain.