Maache mir eis näischt vir: Et bestinn och bei eis Tensiounen tëschent Lëtzebuerger an Auslänner, egal ob Residenten oder Frontalieren. An enger anonymmer an individualiséierter Gesellschaft, déi haaptsächlech op materielle Wäerter fousst, an där d'Mënschen éischter niewentenee wéi matenee liewen, entsti Prejugéen, Ofgrenzungen an Exklusiounen aus Mangel un Empathie, Austausch a Solidaritéit. Mat senger Demographie a sengen Aarbechtsmäert ka Lëtzebuerg sech Populismus a Friemefeindlechkeet net erlaben.
Den Engagement vun all Bierger fërderen
Mam neie Gesetz iwwer dat interkulturellt Zesummeliewe gëtt d'Responsabilitéit fir e friddlecht a respektvollt Zesummeliewen do verankert, wou se higehéiert, nämlech an de Gemengen. Mam kommunale Pakt vum interkulturellen Zesummeliewe kënnen d'Gemenge mat der finanzieller a professioneller Ënnerstëtzung vum Ministère vum Zesummeliewen a ville Beräicher eppes bewierken: an der Administratioun, am Echange tëschent Schoul, Maison relais, Famillen a Kanner, an den Noperschaften, am Benevolat oder beim kulturellen Austausch, bei der Biergerparticipatioun oder am Kampf géint Diskriminéierung a Rassismus.
Mam Biergerpakt fir interkulturellt Zesummeliewen, deen all Mënsch, deen zu Lëtzebuerg wunnt oder schafft iwwer myguichet.lu ënnerschreiwe kann, soll den Engagement an d'Participatioun vun allen Awunner - Lëtzebuerger Auslänner wéi och Frontalieren - aktiv gefërdert ginn. Op deem Wee entstinn an de Gemenge Gruppe vu Biergerinnen a Bierger, déi bereet sinn, eng Hand mat unzepaken: bei den Hausaufgaben, beim Sproocheléieren am Café des langues, bei administrative Virgäng, bei der Organisatioun vum interkulturelle Fester wéi d'Nopeschfest, beim Elterentreff oder beim Treffe vu Mënschen, déi an hirer Gemeng bereet si géint Rassismus an Intoleranz virzegoen. Esou sollen déi, déi hei wunne mat an d'Verantwortung geholl ginn, fir datt déi, déi nei bei eis kommen, sech hei doheem fillen.
Eng Orientéierung bidden
Ausserdeem bitt de Biergerpakt deenen, déi nei an d'Land kommen, eng Hëllefsstellung fir d'Sprooche vum Land ze léieren, eng Orientéierung am administrativen, politeschen, sozialen a schoulesche Beräich an eng Aféierung an d'Geschicht an an dat multikulturellt Liewen zu Lëtzebuerg.
D'Gemenge kréie pro ënnerschriwwene Biergerpakt eng finanziell Ënnerstëtzung. Dës kéint zum Beispill genotzt ginn, fir eng breet ugeluechte Publicitéit fir de Biergerpakt an der Gemeng. Avantagë kéinten dru gekoppelt ginn, wéi zum Beispill en erliichterten Zougang zur permanenter Residenz oder der Nationalitéit fir Auslänner oder e Virrecht op eng abordabel Wunneng.
De Biergerpakt soll eng transversal Approche hunn, déi och d'Bewosstsi fir aner zentral Froe wéi de Klima- an Naturschutz oder d'Solidaritéit tëschent de Generatioune schäerft. An net zulescht soll hien e Katalysator fir de Benevolat a fir eis sëlleche Veräiner sinn, déi sech ëmmer méi dacks iwwer Mangel un Engagement an un Nowuess bekloen. Dofir musse mir all eng Hand upaken, an d‘Gemenge mat dësem Gesetz hir Verantwortung huelen.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.