D‘Michelle Cloos war vun 2009 bis 2014 stellvertriedend Chefredactrice vum Tageblatt. Vun 2014 bis haut war se Zentralsekretärin a Member vun der Gewerkschaft OGBL, gläichzäiteg war si och Member vum Editpress Verwaltungsrot.
D‘Michelle Cloos soll den 1. Mee op hirem neie Posten als Generaldirektesch vun Editpress ufänken.
De Groupe Editpress publizéiert d‘Tageblatt, déi franséischsproocheg Zeitung Le Quotidien, d‘Gratis Zeitung L‘Essentiel, an d‘Revue.