Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Mënscherechter a Klimawandel: Europäescht Geriicht huet 3 Urteeler gesprach

Klimakloen

Mënscherechter a Klimawandel: Europäescht Geriicht huet 3 Urteeler gesprach

Den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter huet an der Fro tranchéiert, ob e Staat géint Mënscherechter verstéisst, wann en net genuch géint de Klimawandel mécht. Dräi Urteeler goufe gesprach. Nëmmen eng Klo hat Succès.

auto_stories

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Mateusz Wlodarczyk
Foto: picture alliance / NurPhoto | Mateusz Wlodarczyk

Geklot hate souwuel e fréiere Buergermeeschter aus Frankräich, e Grupp vu Jonke Portugisen a Schwäizer Seniorinnen. 

Eenzeg de Grupp vun eeleren Dammen aus der Schwäiz hat haut virum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter (EGMR) Succès. De Grupp, dee vu Greenpeace an d’Liewe geruff gouf, hat gefuerdert, datt d’Alperepublik hir Zäregasemissioune misst méi staark reduzéieren.

Recht op Privat- a Familljeliewen

Déi sougenannte Klimaseniorinnen haten uginn, datt hirt Recht op Privat- a Familljeliewen duerch e Manktem u Klimaschutzmoossname géif verletzt ginn.

D’Riichter hunn de ronn 2.500 Dammen haut Recht ginn. E potentielle Präzedenzfall fir weider Klimakloen. Et ass haut déi éischte Kéier, datt den EGMR sech iwwert d‘Responsabilitéit vu Staaten a Saache Klimaschutz prononcéiert huet.

Ex-Buergermeeschter aus Frankräich gouf net als Affer unerkannt

Ganz anescht war allerdéngs den Ausgang vum Verfare ronderëm d’Klo vum Damien Carême, engem Ex-Buergermeeschter aus Frankräich. Hien hat dem franséische Staat virgehäit, ze wéineg Moossnamen ergraff ze hunn, fir de Klimawandel ze verhënneren.

Seng Plainte gouf awer refuséiert, d’Riichter hunn hien net als Affer unerkannt.

Klo aus Portugal als irrecevabel deklaréiert

An d'Klo vun de 6 Jonken aus Portugal ass gescheitert. Hir Requête gouf als irrecevabel deklaréiert. Déi 6 jonk Portugisen haten 32 europäesche Staaten, dorënner och Lëtzebuerg, reprochéiert, d’Klimakris verschäerft an domat d’Zukunft vun hirer Generatioun a Gefor bruecht ze hunn.

Ausléiser vun hirer Plainte waren déi schlëmm Bëschbränn an hirer Heemecht am Joer 2017. Hir Klo gouf ofgewisen, well si net all Rechtsmëttel a Portugal ausgenotzt haten, éier si virun den EGMR gezu waren.