Radioen

On air

Moiesstudio  |  John Cale - Noise Of You

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Méi Leit op Aarbechtssich, mee manner disponibel Plazen

Jorerapport vun der ADEM

Méi Leit op Aarbechtssich, mee manner disponibel Plazen

Méi en héije Chômagetaux, méi Leit op der Sich no enger Aarbecht a manner oppe Plazen. Um Aarbechtsmaart war dat lescht Joer keen einfacht. Et gouf zwar wuel nach e Wuesstem notéiert. Deen ass awer manner héich ausgefall wéi nach d’Joer virdrun.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

ADEM Hamm | © adem.lu/Thierry Frisch play_arrow
Foto: adem.lu/Thierry Frisch

D’Kurb vun de Leit, déi hei am Land wunnen, war nach emol méi flaach, sou datt et zejoert méi Demandeurs d’emploi gouf wéi Offeren, erkläert d’Isabelle Schlesser. All d'Secteure waren dovu betraff. Zwar géif et nach Plaze ginn a verschiddene Secteuren, awer vill manner wéi déi Jore virdrun.

A verschiddene Secteure ginn d'Ufuerderungen net erfëllt

Paradoxerweis, huet d’ADEM-Directrice betount, gëtt et zum Beispill an engem Secteur wéi der Informatik, obwuel méi Kandidaten do si wéi Offeren, nawell fir verschidden Offere keng Leit. Dat, well d’Ufuerderungen net erfëllt ginn. 

“Mir kruten 2023 bal 1.500 Offres d’emploi an deem Secteur gemellt, a fir 807 vun deenen Offeren, also méi wéi d’Hallschent, konnte mer kee Kandidat schécken."

Zanter 2019 ass d’Zuel u Formatiounen, déi d’ADEM ubitt, mol 4 multiplizéiert ginn: Dofir schafft d’Agence pour le développement de l’emploi zesumme mat ëffentlechen a mat de Sozialpartner. Donieft gëtt et mat de Joren och e Plus bei der Digitalisatioun. Ee Véirel vun de Leit géif sech digital aschreiwen.

Georges Mischo: Zuele manner dramatesch wéi virausgesot

Virum Hannergrond vun den aktuellste Chifferen - e Chômagetaux vu 5,6 Prozent a ronn 17.000 Leit, déi op der Sich no enger Aarbecht sinn - huet de Georges Mischo erkläert, datt d’ADEM keng Schold dréit un deenen Zuelen an datt déi duerch déi successiv Krise bedéngt sinn. Woubäi d’Chifferen um Bau net iwwerraschend wären.

Trotzdeem, wieren d'Zuele manner dramatesch, wéi an de Prognose gesot gouf, doriwwer wier den Aarbechtsminister erliichtert.

An och do wär d’ADEM ëmmer direkt present, huet den Aarbechtsminister ervirgestrach.

Lauschterenplay_arrow