arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Meescht Deputéiert dofir fir agefruerent russescht Verméigen der Ukrain ze ginn

Chamberkommissioun

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Meescht Deputéiert dofir fir agefruerent russescht Verméigen der Ukrain ze ginn

An der aussepolitescher Chamberkommissioun waren déi meescht Vertrieder vu Parteien am Parlament dofir, datt russescht Verméigen, dat an der EU op Äis läit, der Ukrain sollt zur Verfügung gestallt ginn. Do huet de Premier Luc Frieden de Point gemaach virum Sommet vun der Europäescher Unioun.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / imageBROKER | Christian Ohde
(Foto: picture alliance / imageBROKER | Christian Ohde)

Den Yves Cruchten vun der LSAP huet virop begréisst, datt de Premier Luc Frieden haut méi kloer gi wär. An der Lescht wär Lëtzebuerg nämlech éischter bei deene gewiescht, déi an dëser Fro gebremst hätten.

"Elo huet eis de Premierminister awer an der Kommissioun gesot, dass se dann endlech och mat op de Wee ginn, fir do op europäeschem Plang endlech kënnen eng Decisioun ze huelen."

An den Ae vum Meris Sehovic vun déi gréng misst een alles dru setzen, fir d’Ukrain ze stäerken, en vue vun engem dauerhafte Fridden.

"Dozou gehéiert natierlech och, datt mer déi Assets, déi mer hei an Europa hunn, déi agefruer sinn an déi awer Benefisse generéieren an Dividende generéieren, notzen."

Fir de Sven Clement vun de Piraten ass et en, Zitat, “Armutszeugnis”, an der EU nach ëmmer keng Léisung heizou ze hunn. Et géif een zënter iwwer engem Joer iwwer eng Decisioun op deem Punkt diskutéieren.

"Wann d'EU wëll eng geopolitesch Agenda hunn, da muss se och geopolitesch agéieren. An dozou gehéiert eben och, déi schwéier Decisiounen ze treffen. An dat géif hei bedeiten, d'Ukrain mat deene Suen z’ënnerstëtzen."

Gusty Graas méi virsiichteg

De Kommissiounspresident Gusty Graas vun der DP war dogéint méi virsiichteg. Et sollt ee sech elo mol op d’Revenue vun de sougenannte “frozen assets” konzentréieren:

"Deen een Aspekt, deen natierlech muss diskutéiert ginn, dat sinn d'Garantien. Dofir muss een och d'Belsch verstoen, am Fall wou, wéi gesot, déi Gelder elo géife sou benotzt ginn, herno juristesch géif awer da festgehale ginn, dass misst Remboursement gemaach ginn."

D’Alternativ wär e Prêt vun den EU-Länner un d’Ukrain, esou de Gusty Graas. An deem Fall misst Russland no engem Friddensaccord fir Reparatiounen opkommen. Wa Moskau dat net wéilt maachen, da kéint op déi agefruere russesch Suen zeréckgegraff ginn.

play_arrow Lauschteren