Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan & Bonnie 'Prince' Billy - Miracles Feat. Ty Segall

play_arrow Live
search

/ Medien a Politiker am Clinch

Fräie Mikro

Medien a Politiker am Clinch

Rezent kritesch Aussoe vu Politiker iwwer d’Bericherstattung vun der Lëtzebuerger Press hunn d’Medien op de Plang geruff. Prompt hunn déi reagéiert an de Ball mat der nämmlechter Wucht zeréckgeschoss. Eng sachlech Debatt iwwer d’Roll vun den Medie gesäit anescht aus, fënnt de Journalist an Auteur Laurent Moyse.

auto_stories

3 min

De Laurent Moyse ass Journalist an Auteur.

Gläich zweemol ass d’Press zu Lëtzebuerg an der leschter Zäit vun héichrangege Politiker kritiséiert ginn. De Sportminister Georges Mischo hat an engem Interview d’Sportssäite vun den Zeitungen als “lapidar“ an “iwwerflächlech“ bezeechent. D’Sportredaktiounen hunn dat ouni Iwwerraschung ganz schlecht opgeholl, an et och haart an däitlech zum Ausdrock bruecht. Och den Hesper Buergermeeschter Marc Lies huet an engem Kommentar iwwer e Fait divers d’Press ugegraff, déi senger Meenung no méi op “PR“ aus wier wéi op “Basics“.

Just d'Press kritiséieren: Esou einfach ass et net

Et ass net déi éischte Kéier, datt d‘allgemeng Berichterstattung vun de Medien an d‘Kritik geréit, mee dat war ee bis elo éischter vu Politiker vu populistesche Parteie gewinnt, déi mat hiren zougespëtzten Usiichte gär unecken.

Mat Recht wiert sech d’Press géint Politiker, déi d’Medie verantwortlech maache fir dat, wat an der Gesellschaft schif leeft. Esou einfach ass et net. D’Politiker si ganz kooperativ, wann d’Medien hinnen an d’Kaarte spillen, mee maache gär d’Dier zou, wann d’Situatioun fir si op eemol onbequeem gëtt.

Net nëmmen d’Politik huet et heiansdo op d’Medie sëtzen. Esou huet zum Beispill rezent e Kënschtlerkollektiv enger Tëleeschaîne Interessenskonflikter a Gesetzesbréch virgeworf, dat am Kader vun hirer ëffentlech-rechtlecher Missioun. Hei och geet et éischter ëm ideologesch Positioune wéi ëm Usiichten iwwer d’inhaltlech Qualitéit.

Ee Secteur, deen ze kämpfen huet

D’Medie kommen zu Lëtzebuerg gär an d’Kräizfeier, wa si net dat bréngen, wat Vertrieder vu verschiddene Kierperschaften erwaarden, sief dat an der Politik, an der Justiz, am Gesondheetsberäich, an der Fonction publique oder an Entreprisen, Vereenegungen oder och am Kulturberäich. Informéiere jo, mee wa méiglech just dat wat geneem ass.

Allerdéngs reagéiert d’Mediewelt grad esou empfindlech, wa si selwer am Viséier ass. Wuel ass dee Secteur an de leschte Joerzéngten an enger spektakulärer Ëmbauphas an huet allgemeng mat grousse wirtschaftleche Schwieregkeeten ze kämpfen. D’Zeitunge verléieren hir traditionell Lieserschaft an d’audiovisuell Medie kämpfe mat grousser Méi ëm hire Statut. De Beruff vum Journalist, deen iwwregens ni einfach war, steet op zimmlech wackelege Féiss, woubäi d’sozial Netzwierker de Journalisten hir Roll ëmmer méi an den Abseits drängen.

Iwwer Qualitéit vun der Informatioun an iwwer d’Erwaardungen, déi d’Leit un d‘Medien hunn, gëtt hei am Land wéineg debattéiert. An do sinn d‘Medien och selwer dru Schold. D’Redaktiounen hunn oft Problemer, sech a Fro ze stellen, si reagéieren deemno net anescht wéi vill aner Sparte vun der Gesellschaft. Fir eng opgekläerten Demokratie ass esou eng Diskussioun awer néideg.

Lauschterenplay_arrow