Radioen

On air

Notturno  |  Ruth Garbus - Mono No Aware

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Max Zander: Krichsreporter un der Front

Den Hallwer Néng

Max Zander: Krichsreporter un der Front

​​​​​​​Zanter dem Ufank vun der russescher Invasioun an der Ukrain ass de Max Zander reegelméisseg un der Front, fir iwwer de Krich ze beriichten. Den 33 Joer ale Krichsreporter erkläert, wéi hie mat de Geschichten an de Biller um Terrain ëmgeet.

auto_stories

3 min

headphones

23 min

play_arrow

Schonn a sengem Studium wier de Max Zander u Krisen- a Krichs-Journalismus interesséiert gewiescht. VirumUfank vum Krich an der Ukrain hätt hien awer net geplangt gehat, fir selwer Krichsreporter ze ginn.

Déi richteg Virbereedung

Obschonn d’Ausrëschtung fir d’Reporteraarbecht un der Front gestallt gëtt, muss ee sech och mental op den Job virbereeden. Et wier eng ganz aner Welt, wann ee mat Helm a Schutzwest op den Terrain geet, seet de Max Zander.

Hie selwer hätt de Virdeel vun der Erfarung gehat. Den 33-järegen erkläert, hien hätt scho virdrun als Korrespondent zu Bréissel an a Polen geschafft. Dowéinst hätt hie sech kënne lues un de Beruff an engem Krisegebitt eruntaaschten. Et wier trotzdeem en enorm geféierlechen Job, dee mat ville Risike verbonne wier.

Den Alldag um Terrain

Un der Front wier et immens hektesch, et stéing ee permanent ënner héijem Drock an et wier séier an effikass Aarbecht gefrot. De Max Zander erkläert, et misst een a kierzter Zäit enorm vill Input verschaffen. Dacks misst ee sech esou séier wéi méiglech aus dem Stëbs maachen, dat wéinst de Käschten awer och der Sécherheet um Terrain.

Et hätt ee vill Stress, ëmmerhi géif ee bewosst ee Risiko agoen. De Beruff vum Krichsreporter ass liewensgeféierlech, net just an direkt am Geschéie vir bäi, mee och Kilometere vun der Front ewech kann engem eppes geschéien.

De Krichsreporter bericht awer och vu positiven Iwwerraschungen a sengem Alldag. Et wier ee sech dacks net bewosst, datt d’Ukrain ee modernt Land ass, dat trotz den Aschränkungen nach funktionéiert. Besonnesch an der Haaptstad Kiew géing een nach normal Hoteller, Restauranten an och Supermarchéë fannen. Et géif Spuere vum Krich ginn, mee et wier trotzdeem méiglech e gewëssenen Alldag ze féieren.

D’Fro vun der Objektivitéit

De Max Zander fënnt et géif un der eenzeler Persoun leien, wéi objektiv een iwwer de Krich berichte kann. Hie selwer wier eng immens empathesch Persoun a géif probéieren, de Leit eng Stëmm ze ginn a sech mat de Leit ze befaassen. Hie wéilt net mat virgefäerdegte Meenungen un d’Saach erugoen, et géif net drëms goe fir de Contenu an iergendeng bestëmmte Form ze pressen.

Dat wier net ëmmer einfach, well een trotzdeem mat richtege Mënschen an hirem Leed konfrontéiert wier. De Max Zander betount, et wier him wichteg esou objektiv a fair ze beriichte wéi méiglech. Dat géif och heeschen, vun Zäit zu Zäit e Schrëtt vun der Aktioun ewechzehuelen, si stéinge jo als Reporter net am Déngscht vum Militär oder der Ukrain.

D’Gefill vun der Heemescht

Et wier een oft emotional a kierperlech um Enn, wann een zréckfiert, sou de Krichsreporter. Chroneschen Dauerstress a vill Gedanken a Gefiller, déi ee verschaffe misst, géifen sech opstauen. Op der Faart duerch Polen op Berlin hätt de Max Zander dann Zäit, fir sech mat sengen Erfarungen auserneenzesetzen.

Banal Saache wéi Luuchten an de Stroossen an normal Fligeren um Himmel géifen engem dann opfalen. Et wier een e gutt Stéck méi dankbar fir d’normaalt Liewen, datt een doheem féiere kann, ënnersträicht de Max Zander. Hie selwer seet, et wier säi Wonsch d’Geschicht vum Fridden a vum Enn vum Krich an der Ukrain erzielen ze kënnen.

Lauschterenplay_arrow