Radioen

On air

Concert  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Xavier Bettel: Just eng Zwee-Staate-Léisung kann dauerhafte Fridde bréngen

Visitt am Noen Osten

Xavier Bettel: Just eng Zwee-Staate-Léisung kann dauerhafte Fridde bréngen

Haut um Donneschden ass de leschten Dag vun der Aarbechtsvisitt vum Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel am Noen Osten. Gëschter hat de Xavier Bettel zu Ramallah Gespréicher mam palestinensesche Premier a mam Ausseminister.

auto_stories

1 min

De Lëtzebuerger Diplomatiechef hätt hei nach emol déi Lëtzebuerger Iwwerzeegung ënnerstrach, datt just eng Zwee-Staate-Léisung dauerhafte Fridde kéint bréngen.

Ausserdeem wier et wichteg, datt a Palestina séier demokratesch Walen organiséiert ginn, esou de Xavier Bettel.

Gouf ee Kompromëss fonnt?

De Katar hätt iwwerdeems een neie Kompromëss op den Dësch geluecht, fir de Konflikt an der Gazasträif an d’Fräiloossung vun den israeelesche Geiselen, mellen israeelesch Medien. Deemno sollen all Geisele fräigelooss ginn, wann déi israeelesch Arméi sech komplett aus der Gazasträif zeréckzitt. D’Féierung vun der islamistescher Hamas soll iwwerdeems an den Exil.

Déi israeelesch Regierung huet gëschter iwwer déi Propos diskutéiert, méi Detailer sinn net gewosst.