Radioen

On air

Notturno  |  Richie Havens - Handouts in the Rain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi gréng kritiséieren COP28-Fuerderung no méi Atomkraaft

Energiepolitik

Déi gréng kritiséieren COP28-Fuerderung no méi Atomkraaft

No der Fuerderung vun 20 Länner op der Weltklimakonferenz, fir d‘Stroumproduktioun aus Atomkraaft ze bis 2050 ze verdräifachen, hunn déi gréng net laang mat enger Reaktioun op sech waarde gelooss. Gëschter Mëtteg hu si via Communiqué d‘Risiken, déi d‘Atomenergie mat sech bréngt, kritiséiert.

auto_stories

1 min

Foto: Déi gréng

Se wier ze lues, deier, knaschteg an onsécher. Dobäi kéim, datt Atomstroum och net CO2-neutral wier. Erneierbar Energië wieren de Géigendeel a wieren d‘Zukunft esou déi gréng an engem Communiqué. De gréngen Deputéierte François Bausch huet an deem Kontext och eng parlamentaresch Ufro un de Wirtschafts- an Energieminister, Lex Delles, adresséiert, fir déi Lëtzebuerger Positioun an deem Dossier gewuer ze ginn.