Radioen

On air

Notturno  |  Jenny Owen Youngs - Avalanche

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ COP28: 20 Länner fuerdere méi Atomstroum

Fir manner ofhängeg vu Gas ze ginn

COP28: 20 Länner fuerdere méi Atomstroum

Op der COP28 hunn de Moie fréi ronn 20 Länner an enger gemeinsamer Deklaratioun gefuerdert, fir d‘Capacitéite vun Atomstroum bis 2050 ze verdräifachen am Verglach mat 2020, fir d‘Ofhängegkeet vu Kuel a Gas ze reduzéieren.

auto_stories

1 min

COP28 | © picture alliance dpa Soeren Stache
Foto: picture alliance / dpa / Soeren Stache

De Verzicht op déi fossil Energien ass ee vun de groussen Enjeuen op der Weltklimakonferenz. Ouni d‘Nuklearenergie kéint d‘CO2-Neutralitéit net bis d‘Mëtt vum Joerhonnert erreecht ginn, huet den amerikanesche Klimabeoptragten John Ferry zu Dubai deklaréiert. Ënnert de Signatairë sinn nieft den USA och nach Frankräich, Kanada, Japan, Schweden, d‘Ukrain an d‘Vereenten Arabesch Emirater. Zwee vun de weltwäit gréisste Constructeure vun Atomkraaftwierker, China a Russland, hunn d‘Dokument net mat ënnerzeechent.

USA engagéiere sech fir Entwécklungslänner méi ze hëllefen

D‘USA wäerten 3 Milliarden Dollar an de grénge Klimafong vun de Vereenten Natiounen abezuelen, deen Entwécklungslänner soll dobäi ënnerstëtzen, méi resilient géint de Klimawandel ze ginn. Dat huet déi US-amerikanesch Vizepresidentin, Kamala Harris, de Mueren op der COP28 zu Dubai annoncéiert. Dat lescht Engagement an deem Sënn vun den USA geet op 2014 an den Ex-President Obama zeréck. Zanterhir hate vill aner Länner hir Bäiträäg schonn erneiert.

International
Politik
Politik a Gesellschaft
Wirtschaft
Wëssenschaft
Ëmwelt