Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi israeelesch Arméi huet hënt nees Ziler an der Gazasträif bombardéiert

Noen Osten

Déi israeelesch Arméi huet hënt nees Ziler an der Gazasträif bombardéiert

Kampffligeren an Helikopteren hätten an der Nuecht Terrorziler ugegraff, dorënner Tunnelschächt, Kommandozentralen a Waffelager huet d‘Militär de Moie matgedeelt. Gëschter hätt och déi israeelesch Marinn d‘Buedemtruppe bei hirer Offensiv géint d‘Hamas ënnerstëtzt.

auto_stories

1 min

Panzer an Humwee vun der israelescher Arméi.png | © picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich
Panzer an Humwee vun der israelescher Arméi.png (Foto: picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich)

Wéi d‘Zeitung „Times of Israel“ mellt, wéilt de Premier Benjamin Netanjahu de Krich géint déi islamistesch Terrororganisatioun bis zur totaler Victoire fortsetzen. Eng Buedemoffensiv wier den eenzege Wee, d‘Hamas ze zerstéieren. Am Norde si scho Buedemtruppen am Asaz, am Süden, wou déi meeschten Awunner aus der Gazasträif hi geflücht sinn, gouf et zanter dem Enn vun der Waffepaus e Freideg massiv Loftattacken.

Ouni hiert Recht a Fro ze stellen, fir sech ze verdeedegen, hunn d‘USA hiren Alliéierten Israel awer virun engem ëmmer méi héije Bilan vun zivillen Doudesaffer gewarnt. An och de franséische President Emmanuel Macron huet gëschter den Toun verschäerft an déi israeelesch Strategie a Fro gestallt. Hien huet op en Neits e permanente Waffestëllstand gefuerdert.

Groussbritannien hëlleft 140 Geiselen ze fannen

Nach ëmmer gi ronn 140 Geiselen an der Gazasträif festgehalen, déi de 7. Oktober entféiert gi waren. Groussbritannien wäert elo Iwwerwaachungsflich iwwer Israel a Gaza fléien, fir se ze lokaliséieren, huet de brittesche Verdeedegungsministère haut annoncéiert. Ënnert de Geisele sinn och brittesch Staatsbierger. Dës Fligere wieren net arméiert a géife keng Roll an de Kampfhandlunge spillen, gouf betount.