Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Mat de richtege Mesure kéint Lëtzebuerg sech als grénge Finanz-Zentrum positionéieren

Cercle des ONGD

Mat de richtege Mesure kéint Lëtzebuerg sech als grénge Finanz-Zentrum positionéieren

De Cercle vun den ONGen aus dem Kooperatiounsberäich wollt sech beim Aarbechtsgrupp Finanzen, bei de Koalitiounsverhandlunge mat abréngen. Dës Demande bleift awer weiderhin onbeäntwert, bedauert de Jean Louis Zeien vun der Initiative pour un Devoir de Vigilance.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

De Cercle fuerdert vun der néier Regierung méi Nohaltegkeet, méi Klima- an Ëmweltschutz a méi Respekt vun de Mënscherechter.

Negative “Spillover Index”

Als staark globaliséiert Land hätt Lëtzebuerg eng grouss international Responsabilitéit, erkläert de Jean Louis Zeien. An dofir missten sech souwuel de Wirtschafts- wei och de Finanzsecteur méi responsabel weise wann et em Ëmwelt, Klima a Mënscherechter geet.

“Mir hunn eng vun deene schlechteste Leeschtungen, déi 162. vun 166 Plazen, wat den „Spillover Index“ ubelaangt. Dat heescht, wou d'Politik, déi vu Lëtzebuerg ausgeet, op aner Länner iwwerschwappt, relativ negativ Effekter huet”

Dofir bräicht Lëtzebuerg, fir eng Transitioun zu enger wierklech nohalteger Ekonomie, eng Responsabiliséierung vun Allen, betount de Jean Louis Zeien. National Gesetzer an d’ Positioune vu Lëtzebuerg op EU-Niveau misste koherent mat internationalen Accorde sinn. 

Héich Emissioune vun Investmentfongen

D’Martina Holbach vu Greenpeace erkläert, datt et bis ewell keng Analyse ginn, aus deenen ervir geet wou déi investéiert Suen hi ginn a weien Impakt déi Investissementer mat sech bréngen. Si stellt a Fro, ob Lëtzebuerg eng gréng Finanzplaz ass.

“Déi eenzegt Etüd, déi et bis haut gëtt, war eng Etüd iwwer de Klima Impakt vun de gréissten honnert Investmentfongen hei am Land. An déi Etude huet erginn, datt dës Fongen net am Accord mam Paräisser Klimaschutz-Ofkommes investéieren, nämlech déi global Temperaturen Erhéijung op 1,5 C° ze begrenzen.”

Déi betreffend Fonge géifen éischter an eng Richtung vu 4 C°  investéieren. Hir Investitiounen hätten och véier Mol sou héich Emissioune wéi d’Land.

D’Propos vum Cercle ass, datt Lëtzebuerg a sengem Klimaschutz-Gesetz géing festhalen, datt Investissementer am Accord mam Klimaschutz musse sinn. Lëtzebuerg kéint sech als grénge Finanz-Zentrum positionéieren, wann d’Politik déi néideg nohalteg Mesure géing huelen. De Cercle ONGD huet 89 Memberen, dorënner Amnesty international, d’Caritas an d’Unicef.

Lauschterenplay_arrow