Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Seed To Tree - Unconcerned

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mat de Stëmme vun der rietsradikaler PVV rejetéiert Holland den EU-Oprüstungsplang

EU-Staaten hate Plang schonn zougesot

Mat de Stëmme vun der rietsradikaler PVV rejetéiert Holland den EU-Oprüstungsplang

Holland stëmmt awer net fir den europäeschen Oprüstungsplang vun der EU-Kommissioun. D'EU-Staaten haten deem 800 Milliarde-Plang schonn zougestëmmt. Och den hollännesche Premier Dick Schoof hat Jo gesot. Elo gëtt hie vum Rietspopulist Geert Wilders zeréckgepaff.

auto_stories

1 min

Geert Wilders | © picture alliance / BEAUTIFUL SPORTS | BEAUTIFUL SPORTS/Orangepictures
Geert Wilders (Foto: picture alliance / BEAUTIFUL SPORTS | BEAUTIFUL SPORTS/Orangepictures)

Dat hollännescht Parlament huet, mat knapper Majoritéit, a mat de Stëmme vum rietsradikale PVV dee Plang elo rejetéiert. De Geert Wilders huet erkläert, datt de Premier Dick Schoof, dee keng Parteikaart huet, den Accord vun Holland zu Bréissel elo rëm misst zréckzéien. 

D'Verdeedegungsfro spléckt déi souwisou ganz onstabil riets Regierung an Holland weider. Déi rietsliberal VVD, d‘Partei vum aktuellen NATO-Generalsekretär Mark Rutte, ënnerstëtzt den EU-Plang.