Déi neisten Ëmfro vum Europaparlament baséiert op Interviewen, déi an de 27 Länner tëscht dem 9. Januar an dem 4. Februar gemaach, also an enger Zäit, an där ganz vill op internationalem Niveau geschitt ass.
Lëtzebuerg: 28 Prozent vun de Leit ginn dovun aus, datt hire Liewensstandard erof geet
Deem Sondage no huelen 33 Prozent vun den EU-Bierger:innen un, datt hire Liewensstandard an nächster Zukunft erofgeet. Dat sinn der däitlech méi ewéi an där nämmlechter Ëmfro zejoert. Zwee Länner hiewen sech an där pessimistescher Perspektiven ervir: A Frankräich sinn 53 an Däitschland 47 Prozent vun de Leit dovun iwwerzeegt, datt si bannent de nächste fënnef Joer manner Suen zur Verfügung wäerten hunn.
Lëtzebuerg läit mat 28 Prozent e bëssen ënnert der europäescher Moyenne. Am Grand Duché sinn der och iwwerduerchschnëttlech vill, nämlech 22 Prozent dovun iwwerzeegt datt hire Standard wäert eropgoen.
An der Moyenne ginn d’Hallschent vun de Leit an der EU dovun aus, datt sech näischt un hirem Liewensstandard ännere wäert.
Sujet Nummer eent: Defense a Sécherheet
Am meeschten erwaarde sech d’Leit, datt d’EU sech soll ëm d’Defense an d’Sécherheet bekëmmeren. Iwwert een Drëttel vun de Befroten hunn dat Thema als Prioritéit uginn, virun der Kompetitivitéit, der Ekonomie an der Industrie.
Zu Lëtzebuerg hunn esou guer 40 Prozent vun de Befroten d’Defense an d’Sécherheet als éischt Prioritéit uginn.
Erwaardungen un d’EU-Parlament: Géint Inflatioun aktiv ginn
Bei der Fro "Op wéi eng Theme soll sech d’Europaparlament konzentréieren?" Stinn allerdéngs net d’Defense mee d'Inflatioun, an d’Liewenskäschten op der 1. Plaz. Och de Kampf géint d’Aarmut an déi sozial Exklusioun sti ganz uewen.
Klimaschutz réckelt weider no hannen
De Klimaschutz schéngt iwwerdeems manner Leit Suergen ze maachen, wéi nach virun e puer Joer. De Sujet réckelt ëmmer mei no hannen, e kënnt aktuell eréischt op där siwenter Plaz.
Dat ass net an all Memberland d’Nämmlecht: A Schweden zum Beispill steet e weiderhin op der éischter Plaz, e gëtt vun iwwer der Hallschent vun de Leit als Thema Nummer eent genannt.

74 Prozent vun de Leit gesi Virdeeler an der EU-Memberschaft
Allgemeng gëtt d’EU ëmmer méi positiv bewäert. Hei gëtt et esouguer ee Rekord bei de Resultater: Op d’Fro, ob d’Leit fannen, datt hirt Land dovu profitéiert, Member vun der Europäescher Unioun ze sinn, hunn an der Moyenne 74 Prozent mat Jo geäntwert, dat si véier Prozent méi ewéi zejoert an et sinn der esou vill wéi nach ni, zanter datt 1983 déi Fro an engem Eurobarometer gestallt gëtt
Lëtzebuerg läit do iwwregens mat 90 Prozent wäit iwwert der europäescher Moyenne. Par Rapport zu zejoert koum esou guer nach ee Prozent derbäi.