Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Doechii - Anxiety

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marc Angel: Europa ass fir vill Ungaren déi eenzeg Hoffnung

Verfassungsännerung an Ungarn

Marc Angel: Europa ass fir vill Ungaren déi eenzeg Hoffnung

An Ungarn huet d'Parlament virgëschter um Méindeg eng Verfassungsännerung decidéiert, déi an der EU, awer och am Land selwer, hefteg kritiséiert gëtt. Duerch déi Ännerung gi Mënschen agedeelt an zwee Geschlechter: Mann a Fra. Dat mécht ville Leit Suergen. Och dem Marc Angel, deen als Co-President vum LGBTQIA+-Grupp am Europaparlament deemnächst op Budapest wäert reesen.

auto_stories

6 min

headphones

8 min

© picture alliance / NurPhoto | Balint Szentgallay play_arrow
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Balint Szentgallay)

Net-binär Persoune ginn net méi vun den ungareschen Autoritéiten unerkannt. An och Veranstaltunge vun der LGBTQIA+-Communautéit, wéi zum Beispill d'Pride-Parade, ginn an Zukunft an Ungarn verbueden, oder kënne verbuede ginn. Dat gëtt duerch d'Ännerungen un der Constitutioun elo nach eng Kéier bekräftegt.

Den Ufank vun engem Versammlungsverbuet

Den LSAP-Europadeputéierte Marc Angel ass Co-President vum fraktiounsiwwergräifenden LGBTQIA+-Grupp am Europaparlament. Direkt no deem Verbuet vun der Pride-Parade an Ungarn huet de Marc Angel gesot, datt hien trotzdeem mat aneren EU-Deputéierten op Budapest wëllt fueren an un där Parade wëllt deelhuelen. An dobäi bleift et och, esou den Europadeputéierten am 100,7-Interview.

“Do sinn eng ganz Rëtsch Kolleeginnen a Kolleegen, déi matfueren. Mir wäerten eng riseg Delegatioun kréien. A mir fueren net nëmmen op d'Pride, mee och eng ganz Rei vu Konferenzen, Mënscherechtskonferenzen, déi ronderëm organiséiert ginn.”

Effektiv hätten déi concernéiert Leit aus Ungarn sech direkt un hire Grupp adresséiert, esou de Marc Angel. An engem Bréif hätte si erkläert, datt vill Politiker:innnen an och aner Personalitéiten aus europäesche Länner de Wee an Ungarn solle fannen, fir solidaresch mat der lokaler LGBTQIA+-Communautéit ze sinn. Mee och aus anere Beräicher wäerten Organisatiounen a Gruppen op Budapest reesen. Esou zum Beispill Amnesty, déi der Meenung sinn, datt dëst neit Gesetz den Ufank ass vun engem Versammlungsverbuet.

“An dat ass e Mënscherecht, dat ass een europäescht Recht. An dofir musse mir higoen. A mir si souguer gefrot ginn, datt mir och sollen d'Press mobiliséieren an de Memberstaaten an an anere Länner, fir och matzekommen, fir e Liicht op déi do Praktiken, déi an Ungarn elo do herrschen, drop ze bréngen.”

EU muss "schnellstens drop reagéieren"

An Ungarn gëtt och genee drop gekuckt, wéi d'EU elo reagéiert. D'Regierung vum Premier Viktor Orbán berifft sech nämlech op de Kannerschutz, fir esou LGBTQIA+-Veranstaltungen ze verbidden. Esou ee Bezuch ass, genee wéi de Verbuet per Verfassung, an der EU am Fong onvirstellbar. 

Dofir misst d'EU elo "schnellstens drop reagéieren", warnt de Marc Angel. Den Europadeputéierten erkläert, datt dat Ganzt op engem Gesetz iwwer de Kannerschutz vun 2021 baséiert, an deem déi ungaresch Autoritéiten eng Sektioun agebaut hunn, déi eng ëffentlech Representatioun vun Homosexualitéit an Transidentitéit verbitt.

An doropshin hätt d'Kommissioun no laangem Drock e Verfare géint Ungarn um Europäesche Geriichtshaff ugefaangen. Doduerch sinn och Suen aus verschiddene Fonge fir Ungarn blockéiert ginn. 

“Dat war den Ufank. No e puer Joer huet endlech d'Kommissioun reagéiert. Elo huet den Här Orbán eng Schëpp drop geluecht. Hien huet am Mäerz dat éischt Gesetz stëmme gelooss: D'Versammlungsverbuet, wann et drëms geet, fir Homosexualitéit oder Transidentitéit ëffentlech ze representéieren. An elo huet hien nach eng Kéier e Krack drop geluecht an dat do ganz op Verfassungsniveau eropgesat.”

Keng Signaler vun der Ursula von der Leyen

De Viktor Orbán schéngt also zimmlech onbeandrockt ze si vun deem, wat d'EU bis elo gemaach huet. Dat weess och de Marc Angel. Den LSAP-Politiker weist awer och drop hin, datt den ungaresche Premier mat deem Gesetz vun anere Saachen oflenke wéilt: Eng schlecht Wirtschaft, eng nei Partei mam Numm TISZA, déi a rezenten Ëmfroen elo virun him läit, an den Drock vun Europa, déi him manner Suen zoukomme loossen.

“Mee op déi anerer Manéier fannen ech, misst d'Kommissioun awer och vill méi staark reagéieren. Mee ech hunn d'Gefill, si brauchen den Orbán op anere Plazen, fir aner Decisiounen. Dofir hu si bis elo net reagéiert.”

Den LSAP-Europadeputéierte Marc Angel ass Co-President vum fraktiounsiwwergräifenden LGBTQIA+-Grupp am Europaparlament. | © European Union
Den LSAP-Europadeputéierte Marc Angel ass Co-President vum fraktiounsiwwergräifenden LGBTQIA+-Grupp am Europaparlament. (Foto: European Union)

Wat kéint d'EU awer géint dat maachen, wat an Ungarn geschitt? De Marc Angel erkläert, datt eng Procédure d’urgence ugestrieft kéint ginn. 

“Wou se um Geriichtshaff géinge soen, mir hätte gär eng Suspensioun vun deenen Dispositiounen do, déi am Mäerz gestëmmt gi sinn, fir d'Versammlungsrecht ze verschäerfen an déi Pride net ze verbidden.”

Et hätt ee gesot kritt, datt d'Kommissioun an d'Juriste vill dru geschafft hätten, zielt de Marc Angel, mee vun der Ursula von der Leyen wier et "silence radio".

“Do héiert een näischt an dat mécht eis nervös. Dat mécht och d'Société civile an Ungarn nervös. Dat mécht déi ganz Communautéit nervös, well an Ungarn kucke se op Europa. Et ass hir eenzeg Hoffnung.”

Marc Angel bedauert den Anti-Gender-Mouvement

Ungarn ass awer och keen isoléierte Fall. Och an den USA ginn d'Rechter vun der LGBTQIA+-Communautéit ëmmer méi a Fro gestallt. Ungarn wier eng Zort "Playbook" fir den Donald Trump, esou de Marc Angel. 

“Et gëtt deen Anti-Gender-Mouvement. Dat ass een internationale Mouvement, deen ass vu Russland gesponsert, vun amerikaneschen Evangelisten an och vill europäesch Gelder sinn do dran. Déi Rietsextreem hunn dee ganzen Narrativ iwwerholl, vun enger LGBTI-Ideologie, vun enger Genderideologie. Dat gëtt et guer net.”

Wann ee sech fir Fraerechter a fir LGBTQIA+-Rechter asetzt, da setzt ee sech fir Mënscherechter, fir Fraerechter, fir eng Antidiskriminéierungspolitik a fir eng Gläichheetspolitik an, ënnersträicht de Marc Angel. "Et ass net méi an net manner wéi dat."

Lauschterenplay_arrow