Den US-amerikanesche President hat gëschter um Dënschdeg gedreet, déi kommerziell Relatioune mat Spuenien ze stoppen. Virdrun hat den NATO- an EU-Memberstaat den USA refuséiert, Militärbasen a Spuenien fir den US-Loftasaz géint den Iran ze notzen.
Sánchez: Géigesäiteg Attacke missten direkt gestoppt ginn
Mat engem “Nee zum Krich” huet de spuenesche Premier op d’Kritik vum US-President um Widderstand vu Spuenien géint den israeelesch-amerikaneschen Ugrëff op den Iran reagéiert.
De Pedro Sánchez huet an enger Ried op der Televisioun gefuerdert, datt d’USA, Israel an den Iran hir géigesäiteg Attacken direkt solle stoppen.
Et wier naiv ze gleewen, datt blanne Gehorsam Féierung géif bedeiten, esou eng weider Ausso vum spuenesche Regierungschef no de Menacë vum Donald Trump. Et géif ëm de Respekt vum Vëlkerrecht goen.
Trump wéist sech entsat iwwer Refus
Bei senger Entrevue mam däitsche Kanzler hat den US-President gëschter am Wäissen Haus zu Washington ënner anerem Spuenie kritiséiert. E puer europäesch Länner wéi Spuenien hätte sech “schrecklech verhal”, esou den Donald Trump mat Bléck op d’US-Attacke géint den Iran. “Spuenien huet tatsächlech gesot, datt mir hir Basen net däerfen notzen”, esou d’Wierder vum US-President.
Kee kéint den USA virschreiwe, wat si ze maachen oder net ze maachen hätten. Wann d’USA wéilten, kéinte si d’Militärbasen a Spuenien och ouni Erlabnis notzen.
Well Spuenien "onfrëndlech" gewiescht wier, hätt hien dem US-Finanzminister gesot, all Deals mat Madrid ze stoppen, esou de President vun den USA.
Lëtzebuerger Staatsvisitt a Spuenien
Kanada huet déi amerikanesch-israeelesch Militäraktioun géint den Iran als net kompatibel mat internationalem Recht bezeechent. De kanadesche Premier Mark Carney huet awer och gemengt, datt et gutt wier datt den iranesche Regime elo fort wier.
D’Relatiounen tëschent den USA a Spuenien kéinten och ee Sujet bei der Visitt vum Grand-Duc Guillaume a senger Fra muer an iwwermuer a Spuenien sinn.
Déi groussherzoglech Koppel gëtt vum Ausseminister Xavier Bettel (DP), dem Wirtschaftsminister Lex Delles (DP) an dem Finanzminister Gilles Roth (CSV) begleet. Um Programm zu Madrid steet ënner anerem eng Entrevue mam spuenesche Premier Pedro Sánchez.