Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
search

/ Massekläpperei an der Nuecht zu Déifferdeng

20 Policepatrulle waren am Asaz

Massekläpperei an der Nuecht zu Déifferdeng

Zu Déifferdeng gouf et de Moien ee Groussasaz vun der Police. Géint 4 Auer an der Nuecht koum et an der Rue Jeannot Kremer nämlech zu enger Massekläpperei.

auto_stories

1 min

Police | © Frank Hoermann / SVEN SIMON
Police (Foto: Frank Hoermann / SVEN SIMON)

Um Buedem loung eng blesséiert Persoun, ëm déi sech d‘Beamten direkt gekëmmert hunn. Et koum och ëmmer nees zu Aggressivitéiten a Beleidegunge vis-à-vis vun de Beamten.

Eng vun de Persounen huet missten immobiliséiert ginn. Aus enger Fënster eraus goufen dunn och nach Objeten op d‘Beamte geworf.

Wéi sech d‘Situatioun berouegt hat, koum et an engem Bistro zu weidere Kläppereien. Am ganze waren 20 Policepatrullen op der Plaz fir d‘Situatioun nee an de Grëff ze kréien. Et goufen divers Protokoller geschriwwen. Zwou Persounen hu misste mat op de Policekommissariat.