Radioen

On air

9 bis 1  |  DJ Jazzy Jeff and The Fresh Prince - Summertime

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Martine Hansen steet kloer op der Säit vum Landesuebstbauveräin

Kritik vum Mouvement écologique

D'Martine Hansen steet kloer op der Säit vum Landesuebstbauveräin

D’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen fënnt et schued, datt de Mouvement écologique direkt géint dat neit Gesetz, dat de Geméis- an Uebstubau an Zäre fërdere soll, geschoss hätt. Dat sot si am 100,7 Interview. Virdrun hat de Landesuebstbauveräin dem Mouvement écologique an där Hisiicht scho widdersprach.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

play_arrow
Foto: radio 100,7

Ënner anerem hat de Mouvement écologique kritiséiert, datt dat neit Gesetz just grousse Betriber géif hëllefen, an déi kleng net wierklech dovu profitéiere kéinten. D’Martine Hansen weist awer drop hin, datt een och d’Agrargesetz misst beuechten, wann een iwwer dat neit Zäre-Gesetz schwätzt.

“Mir hunn deen hei Projet extra gemaach, (...) well d'Agrargesetz huet ee maximale Plaffong vun zwou Milliounen Euro, an d'Investissementer an déi grouss Zäre passen eben net an dee Kader vum Agrargesetz, welldéi Zäre si méi deier wéi zwou Milliounen Euro."

Dofir hätt een elo ee separat Gesetz gemaach, erkläert d'Martine Hansen. do hätt een zwar ee liicht manner favorabele Bäihëllef-Taux vu 40 Prozent, mee als jonke Bauer kéint een een Top-up kréie vu 15 Prozent.

"Iwwer déi kleng Betriber, an dat ass dat wat hei beim Mouveco net gesot gëtt, déi kënnen iwwer d'Agrargesetz eng Bäihëllef kréien. Déi ass méi favorabel wéi déi iwwert dësem Gesetz.” 

Des Weideren hat de Mouvement nach kritiséiert, datt eng Accentuatioun op Zären net grad nohalteg wier. Mee och dat géing net stëmmen, seet d’ Martine Hansen. D’ Betriber musse sech beim Ministère melle fir esou eng Zär accordéiert ze kréien. Do géifen dann och ënner anerem Critère-de-durabilitéë gekuckt ginn. 

Den Interview mat der Martine Hansenplay_arrow