arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Martine Deprez: Hausse vun de Cotisatioune "kënnt wa se komme muss"

Gesondheetspolitik

|
reading time

5 min

headphones

14 min

play_arrow

Martine Deprez: Hausse vun de Cotisatioune "kënnt wa se komme muss"

Zwee grouss Dossiere beschäftegen d'Gesondheetsministesch Martine Deprez: Déi finanziell Situatioun vun der CNS an de Sträit mat der AMMD. Och wann a béide Fäll d'Zukunft net roseg ausgesäit, esou weist d'Ministesch sech awer optimistesch.

reading time

5 min

headphones

14 min

play_arrow
D'Martine Deprez | © Jo Diseviscourt
D'Martine Deprez (Foto: Jo Diseviscourt)

Zënter e puer Joer schonn ass gewosst, datt der Gesondheetskeess d’Suen ausginn. D’lescht Joer louch den Defizit liicht iwwer 100 Milliounen Euro. Fir dëst Joer gëtt mat 130 Milliounen Euro gerechent.

Ministesch verweist ëmmer nees op den Hierscht

Gëschter si mat de concernéierten Acteuren op der Quadripartite awer keng Spuermesuren decidéiert ginn. Et stoung net um Ordre du jour, seet d’Gesondheetsministesch Martine Deprez am 100,7-Interview.

“Et war just eng Reunioun fir ze schwätzen an ze kucken, wat méiglech ass.”

Am Hierscht kéint een dann eventuell Spuermesuren decidéieren, esou d’Ministesch. Da géingen d’Projektiounen och weisen, ob eventuell eng Erhéijung vun de Cotisatiounen néideg ass oder net.

"Keng Spuermesuren", mee "manner Geld ausginn"

D’Martine Deprez wëllt an enger éischter Phas awer net iwwer Spuermoossname schwätzen, mee et géing dorëms goen, “manner Geld auszeginn duerch e méi effizient Schaffen.” Esou Moossname wiere mat alle Partner diskutéiert ginn, am Comité stratégique an och an Aarbechtsgruppen.

Beispillsweis soll d’CNS manner Sue fir Medikamenter ausginn. D’Spuerpotential wier och an de Fichiere vun der Sécurité sociale gespigelt, erkläert d’Martine Deprez. Do géing een nämlech gesinn, wann e Medikament oder en Traitement beispillsweis zweemol verschriwwe gëtt.

Wéi séier een esou Mesurë kann ëmsetzen, hänkt vu Fall zu Fall of.

“Bei verschiddene Saache mussen d’Statutte vun der CNS geännert ginn. Do ass de Verwaltungsrot an der Verantwortung. Bei Ännerunge vu Gesetzestexter ass d’Politik an der Verantwortung.

Kënnt eng Hausse vun de Cotisatiounen?

De finanziellen Impakt vun deene Mesurë géing bei ronn 95 Milliounen Euro leien, seet d’Martine Deprez. Well dat awer net duergeet, misst een am Hierscht kucken, wéi et weidergeet.

Zu deem Ament missten nämlech aner Mesurë geholl ginn, well d’Reserv vun der CNS net méi déi wier, déi legal gebraucht gëtt. Deen Ament kéint en Erhéijung vun de Cotisatiounen nees an d’Spill kommen.

“Déi Hausse kënnt, wa se muss kommen. Dofir musse mir am Hierscht kucken, wéi d’Situatioun ass.”

Do géing och de Budget vun 2027 eng Roll spillen, erkläert d’CSV-Ministesch.

D’lescht Joer ass iwwer eng eventuell Hausse vu 5,6 op 5,85 Prozent diskutéiert ginn. Et hätt een elo och schonn ausgerechent, wéi grouss d’Hausse eventuell misst ginn, seet d’Martine Deprez. De Moment géing et awer net esou ausgesinn, wéi wann d’Hausse méi héich misst ausfalen.

Staat kéint Käschten iwwerhuelen, mee dat wier keng ideal Léisung

Eng aner Pist wier déi, datt de Staat verschidden Ausgabe vun der CNS kéint iwwerhuelen, zum Beispill d’Indemnitéite fir de Congé maternité, oder der CNS hiren Undeel bei de Baukäschten un neie Spidolsgebaier.

Esou Mesurë géing een eréischt am Fréijoer 2028 diskutéieren, seet d’Martine Deprez. Si schéngt awer kee Fan dovun ze sinn, schliisslech wier et just e “Shift vun den Depensen”, well alles duerch Steiere finanzéiert gëtt, wat dem Assuré wéineg hëlleft.

E Risiko, datt de Problem mat der Zäit ëmmer méi grouss gëtt, gesäit d’Martine Deprez net, jiddefalls net akut. Et wier ee sech mat de Sozialpartner iwwer eng Feuille de route eens, dat wier schonn e grousse Schratt an déi richteg Richtung.

Sträit mat der AMMD: Trotz optimistescher Ministesch ass keen Enn a Siicht

Gëschter souz och d’Dokteschassociatioun AMMD bei der Quadripartite um Dësch. Am Sträit tëschent hinnen an der CNS gëtt et iwwerdeems keng Entschäerfung, well d’AMMD weiderhin net wëllt déi nei Konventioun mat der CNS ënnerschreiwen.

Dofir fänkt elo eng Mediatioun un. D’Gesondheetsministesch gesäit eegenen Aussoen no ëmmer d’Méiglechkeet ze deblockéieren.

“Mir schaffen un de Fuerderunge vun der AMMD. Enn Mee maache mir en éischte Bilan mat den Aarbechtsgruppen.”

D’AMMD gëtt sech awer net zefridden a seet, an deenen Aarbechtsgruppe wier net alles ofgedeckt. D’Ministesch ka verstoen, datt si net zefridde sinn, mee all hir Fuerderunge géingen um Dësch leien.

“Mir sinn eis an der Politik eens, datt mir wëllen e System behalen, deen net an d’Richtung vun der Zwouklassegesellschaft geet. Et brauch eng héich Qualitéit vun de Soinen a Waardezäiten, déi esou mann héich wéi méiglech sinn.”

Béid Säite wéilten am Interêt vun de Patienten agéieren, esou d’Ministesch.

Ministesch mat engem kloren Zil

D’AMMD kritiséiert awer, datt d’Regierung sech net un de Koalitiounsaccord hale géing, wou nach vill aner Saachen zum Theema Gesondheetspolitik drastinn. Mee fir alles an d’Rullen ze brénge bréicht et och aner Partner, esou d’Martine Deprez. Ënner anerem d’Spideeler an d’Sozialpartner.

“Den Hoken ass, datt mir mat engem Prestataire manner konstruktiv ënnerwee sinn.”

Hiert Zil ass awer, de Koalitiounsaccord nach an dëser Legislaturperiod ëmzesetzen, betount d’Martine Deprez.

Règlement grand-ducal: Fir Patient an Dokteren ännert näischt

Wann d’Konventioun bis den 30. Oktober net ënnerschriwwe gëtt, dat wäert e Règlement grand-ducal d’Situatioun reegelen, wou genee dat drasteet, wat bis elo an der Konventioun steet, confirméiert d’Martine Deprez.

“Fir de Patient ännert guer a glat näischt. Och fir d’Dokteren net.”

D’AMMD huet keng grouss Hoffnunge méi an d’Gespréicher mat der Ministesch a fuerdert en direkt Gespréich mam Premier Luc Frieden.

Vollt Vertraue vum Premier

D’Martine Deprez erkläert, datt de Premier hinne geschriwwen hätt, si sollten als éischt mat hir kucken, wat d’Suerge sinn an déi opschaffen. Dofir géing een elo en Tëschebilan zéien. No deem Bilan géing de Premier d’AMMD empfänken, esou d’Martine Deprez.

D’Ministesch huet iwwerdeems d’Gefill, datt si de “komplette Réckhalt” vum Premier huet.

“Ech hu keng Ursaach, un deem Réckhalt ze zweifelen. Et ass mäin Dossier.”

play_arrow Lauschteren