arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gesondheetsministesch wëllt „Consultation de fin de vie“ rembourséierbar maachen

Chamberdebatt

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Gesondheetsministesch wëllt „Consultation de fin de vie“ rembourséierbar maachen

D’CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez wëllt eng “Consultation de fin de vie” als ee medizineschen Akt aféieren. Domat kritt dësen Akt en definéierten Tarif a ka vun der Krankekeess rembourséiert ginn.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

An der Chamber gouf haut iwwer d’Stierfhëllef debattéiert. Op Demande vun der LSAP stoungen d’Recommandatioune vum leschte Rapport vun der nationaler Kontroll- an Evaluatiounskommissioun am Fokus.

Ëmmer nach een Tabu – Opklärungsaarbecht gefrot

Ronn 15 Joer no der Aféierung vum Euthanasie-Gesetz wier d’Thema vun der Stierfhëllef nach ëmmer mat engem Tabu behaft – do ware sech quasi all Parteien an der Chamber eens.

Virun allem misst un der Opklärungsaarbecht fir déi betraffe Persoune geschafft ginn. LSAP, déi gréng an déi Lénk fuerderen ënner anerem méi Informatioune fir d’Bierger:innen, méi Formatioun fir d’Gesondheetspersonal, méi kloer Prozeduren an eng besser Orientatioun vu Patientinnen a Patienten.

Dokteren, déi sech op hir Gewëssensfräiheet beruffen, solle Patientinnen a Patienten un eng aner Ulafstell weiderleeden, fuerdert d’LSAP-Deputéiert a fréier Gesondheetsministesch Paulette Lenert.

“Mir hätte gären, datt eng Obligatioun kënnt, datt deen, dee fir sech selwer decidéiert, dat net ze maachen, deen all eise Respekt fir déi Decisioun verdéngt, mee datt en awer gehalen ass d'Persoun weiderzeleeden un eng aner Ulafstell, datt d'Persoun net sech selwer iwwerlooss ass a muss pilgere vun engem zum aneren, bis se da villäicht an och nach grad an enger schwiereger Situatioun ee fënnt, dee bereet ass fir nozelauschteren.”

Froen zur Stierfhëllef bleiwen op

Vill oppe Froe gouf et iwwer onkloer Fäll ronderëm Mineuren a Persoune mat Demenz. Wa Mannerjäreger oder Leit mat enger psychescher Krankheet de Wonsch fir Stierfhëllef ausdrécken – wéi geet een domat ëm a wien ass dofir responsabel?  Alles Froen un déi national Ethikkommissioun, mengt d’Gesondheetsministesch Martine Deprez.

“Dat wat iwwert d'Gesetz erausgeet, dat heescht eeler Mënschen, psychesch Problemer, déi de Moment nach net richteg kënnen adresséiert ginn, denken ech, datt mer do awer musse konkret Froe stellen, wat wëlle mer do konkret? An déi konkret Froen dann an ee Gremium ginn, wéi zum Beispill der Commission nationale d'éthique. Fir ze kucken, si hunn 1998 e Rapport ginn, do ware se relativ retizent op deem doten Domaine, dann 30 Joer méi spéit, wäerte mer warscheinlech do och eng Evolutioun spieren, esou wéi mer se an der Gesellschaft spieren, datt déi dote Sujeten ugaange ginn.”

Am Koalitiounsaccord ass eng stationär Palliativstruktur fir Mineure bei Omega90 virgesinn. Dës wier nach an der Planung. Weider soll d’Broschür “Ma Volonté en fin de vie” aktualiséiert ginn,e sou weider Annoncë vun der CSV-Ministesch Martine Deprez.

play_arrow Lauschteren