Et géif een dat net zouloossen an alles ënnerhuelen, fir de staarken, ëffentleche Gesondheetssystem zu Lëtzebuerg ze verteidegen. D’Verhale vun der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun AMMD wier "en Hohn", esou de Christophe Knebeler vum LCGB. Den automatesche Konventionnement wier d’Häerzstéck vum Gesondheetssystem.
Ouni Konventioun kënnt et zu engem Règlement grand-ducal
Wann d’AMMD déi néi Konventioun net ënnerschreift wäert et als éischt zu enger Mediatioun kommen, a wann et dann nach keng Eenegung fir eng Ënnerschrëft gëtt, wäert et op ee Règlement grand-ducal erauslafen.
Wann et hei net zu enger Eenegung géif kommen, da kéinten d’Assuréë schonn a 6 Méint déi dramatesch Konsequenzen heivun ze spiere kréien, esou de Christophe Knebeler.
“Ouni eng obligatoresch Konventioun mussen d'Dokteren d'Nomenclature-Tariffer net méi anhalen a kéinte fräi fakturéieren, wat se wëllen. D'CNS kéint den Assuré dann am schlëmmste Fall guer net méi rembourséieren oder beschtefalls weiderhin um offiziellen Tarif.”
D’Gewerkschaftsunioun geet dovun aus, datt den 1. November also e Règlement grand-ducal muss a Kraaft trieden, wann d’AMMD d’Konventioun bis dohin net ënnerschreift. Déi Situatioun hätt een nach ni gehat, esou datt net kloer wier, ob de Leit hir Gesondheetsversécherung dann nach intakt géif bleiwen, esou de Christophe Knebeler.
Informatiounscampagne fir d’Assuréen
Ëm eng Moderniséierung vum System, wéi d’Dokteren et argumentéieren, géif et hei net goen. Vill méi géif en Demontage vun der Lëtzebuerger Gesondheetsversuergung droen, esou de LCGB Vertrieder – an en Zwee-Klasse-System wéi an Däitschland.
D’Gewerkschafte wëllen elo eng grouss Informatiounscampagne fir d’Assuréë lancéieren. Un d’Regierung war et d’Fuerderung, elo dréngend anzegräifen an alles ze ënnerhuelen, fir datt d’Konventioun ënnerschriwwe gëtt.
AMMD-President am 100,7-Interview
Zum Theema hat den AMMD-President Chris Roller am 100,7-Interview scho Stellung geholl. Hie betount, datt och ouni Konventioun fir d'Assuréeën näischt ännere géing, an de Règlement grad-ducal ganz wahrscheinlech den Text vun der aler Konvention iwwerhuele wäert.