Radioen

On air

Notturno  |  Blossoms - Your Girlfriend

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Martine Deprez: Hausse just bedenklech, wann zu Lëtzebuerg och effektiv méi gefëmmt gëtt

Hausse beim Verkaf vun Zigaretten an Tubak

Martine Deprez: Hausse just bedenklech, wann zu Lëtzebuerg och effektiv méi gefëmmt gëtt

2023 goufen hei am Land 405 Milliounen Zigarette méi verkaaft, a bal 800 Tonnen Tubak méi wéi am Joer 2022: dës Zuelen huet de Finanzminister Gilles Roth dës Woch an der Chamber genannt. Fir Gesondheetsministesch Martine Deprez wier d'Hausse awer just bedenklech, wann d'Residenten och effektiv méi géinge fëmmen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Zigaretten Tubak | © picture alliance play_arrow
Foto: “keng ganz nohalteg Recetten”

D’Recetten duerch d’Accisen op den Tubaksprodukter sinn d’lescht Joer ëm iwwer 18 Prozent geklommen, op iwwer eng Milliard Euro. Dat ware bal fënnef Prozent vun alle Recettë vum Staat. 

Sam Tanson: “Keng ganz nohalteg Recetten”

Wéinst dem Impakt op d’Gesondheet wieren d’Accisen um Tubak “keng ganz nohalteg Recetten”, kritiséiert déi gréng Deputéiert Sam Tanson.

"Datt et natierlech och Recettë sinn, déi herno awer kënnen ee ganz zolitten Impakt och op eis Depensen hunn, wa Gesondheetsdepensen dorunner hänken."

Datt d’lescht Joer hei am Land iwwer 400 Milliounen Zigarette méi verkaaft goufen, wier bedenklech, seet d’Ministerin fir Gesondheet a sozial Sécherheet, Martine Deprez. Et wéisst een awer net, ob dës Zigarette vu Residenten oder vu Leit aus der Groussregioun kaaft goufen.

"Wann dat elo géif heeschen, datt am Land méi gefëmmt gëtt, wier dat natierlech bedenklech. Wann dat elo heescht, datt just auslännesch Leit hei an d’Land kafe kommen, well et hei méi bëlleg ass, dann huet dat am Fong keen direkten Impakt op eise Santéssystem."

Verzicht op d'Recettë vun der Tubakssteier aktuell net méiglech

De Staat kéint net kuerzfristeg op d’Recettë vun der Tubakssteier verzichten, seet de Finanzminister Gilles Roth. D’Regierung wéilt awer eng Iwwerleeung maachen, fir eenzel Upassungen no uewe bei den Accisen um Tubak.

"Dat ass eng Decisioun, déi net eleng dem Finanzminister opläit. Déi kann op Grond vun den Accisenevolutiounen, déi an anere Länner sinn, kann een do Iwwerleeungen ustellen. Am Detail wäert ech mech dozou zu gegebenem Zäitpunkt ausschwätzen. Dat dierft eventuell fir déi zweet Hallschent vun dësem Joer sinn."

Wéinst de Gesondheetsrisiken haten LSAP an déi gréng sech Enn 2022 fir eng Steiererhéijung op den Tubaksprodukter ausgeschwat. Also zur Zäit, wéi si nach mat der DP an der Regierung waren.


Lauschterenplay_arrow