De Cortège vun der Marche féministe war laang, ganz laang, et war ee Mier u Loftballonen a Pancarten, mat enge sëllege Fuerderungen. Wann een d'Leit ëm hir Motivatioun gefrot huet,waren ënner anerem déi hei Messagen dobäi: Mir gesi jo och iwwerall op der Welt ass et genee dat, déi éischte Rechter, déi beschnidde gi sinn, sinn déi vun de Fraen. An ech hunn e Meedchen an ee Jong an ech mengen et ass fir si zwee wichteg, fir haut hei ze sinn, esou eng Participante.
"Surtout dans les pays où les gens n'ont pas la liberté, c'est important que nous, qui avons la liberté qu'on fasse passer des messages à travers des événements comme aujourd'hui."
D’Fatima Rougi, Presidentin vum Planning Familial huet och betount, datt méi Fuerschung am Beräich vun der genderspezifescher Medezin oder de Medikamenter misst gemaach ginn.
"On voit qu'il y a un biais dans la prise en charge des femmes, par exemple par rapport aux médicaments, par rapport à la prise en charge de la douleur, par rapport aux maladies chroniques, aux AVC, aux maladies cardiaques
Fuerderung: Transparent an ëffentlech zougänglech Daten
Aus de Statistike géif kloer ervirgoen, datt Fraen am Gesondheetssecteur systematesch manner gutt behandelt gi wéi Männer. Wichteg wier et och iwwerhaapt Donnéeën ze hunn, esou d’Eolia Verstichel vun Innocence en Danger. Beispillsweis iwwer d'Zuele vun den Avortementen hei am Land.
"Nous ne disposons pas de chiffres publics et transparents sur le nombre d'avortements. Nous manquons de données claires sur l'accès réel à la contraception. Sur les enfants victimes de violences."
Zur Gesondheet vun de Frae gehéieren och gutt Aarbechtskonditiounen an d’Betruechte vun der Care-Aarbecht, ëm d’Famill, déi dacks vun de Frae gedroe gëtt. D’Cléo Thoma vun der Organisatioun JIF (Journée Internationale des Femmes) sot um Fraestreik, datt si eng kollektiv Verkierzung vun der Aarbechtszäit fuerderen, ouni datt d’Salairen erofginn.
"Net als Luxus mee als feministesch Strukturreform. Gesondheet heescht och, datt een net permanent iwwerlaascht ass."
Iwwerdeems gëtt gefuerdert, datt am Privatsecteur an Entreprisen, déi kee Kollektivvertrag hunn, e spezielle Congé ageféiert gëtt fir zum Beispill Frae mat der chronescher Erkrankung Endometriose.
Iwwer 5.000 Leit
Mat dobäi um feministesche Marsch ware Fraenorganisatioune wéi d‘JIF, Gewerkschaften, Parteien an Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft wéi zum Beispill Amnesty international oder och d’Asti.
Eng 25 Organisatiounen hate sech gëschter um internationalen Dag fir Fraerechter mobiliséiert. Den Organisateuren no waren op d‘mannst 5.000 Leit an der Stad fir de feministesche Kampfdag zesummekomm. Am Cortège waren och vill Leit dobäi, déi op Fraen, déi weltwäit a Konfliktzone liewen, opmierksam maache wollten.