arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fraegesondheet am Fokus vun der Marche féministe

Fraerechter

|
headphones

1 min

Fraegesondheet am Fokus vun der Marche féministe

Haut um internationalen Dag fir Fraerechter ware vill Leit an der Stad fir un der Marche féministe deelzehuelen, dorënner Frae, Kanner a Männer. Haapttheema dëst Joer ass d‘Gesondheet vun der Fra.

headphones

1 min

Marche feministe 2026 | © Carole Schimmer
Marche feministe 2026 (Foto: Carole Schimmer)

Dobäi geet et ënner anerem ëm de Choix iwwer den eegene Kierper, ma awer och ëm d‘Revendicatioune fir méi Fuerschung am Beräich vun der genderspezifescher Medezin oder der Medikamentenentwéckelung. Bis ewell ass nämlech de Kierper vum wäisse Mann de Standard an der Medezin gewiescht.

Iwwerdeems gëtt gefuerdert, datt am Privatsecteur an Entreprisen, déi kee Kollektivvertrag hunn, e spezielle Congé agefouert gëtt, fir zum Beispill Frae mat der chronescher Erkrankung Endometriose.

5.000  Participante(ë)n

Mat dobäi op der feministescher Marsch ware Fraenorganisatioune wéi d‘JIF, Gewerkschaften, Parteien an Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft wéi zum Beispill Amnesty international. Den Ament ginn et nach keng offiziell Chifferen zu de Participanten. Den Organisatricen no waren op d‘mannst 5.000 Leit op der Plaz.