Radioen

On air

Concert  |  Een Owend mat Tchaikowski

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Marc Spautz: Regierung keng vun der "sozialer Keelt"

No Kriticke vun der Oppositioun

Marc Spautz: Regierung keng vun der "sozialer Keelt"

An der Chamber hunn de Moien d’Debatten iwwert d’Ried zur Lag vun der Natioun ugefaangen. De Marc Spautz huet a senger Reaktioun op déi éischt Kriticke vun der Oppositioun ënnerstrach, datt d’Regierung keng vun der “sozialer Keelt” wier.

auto_stories

1 min

Als CSV wier een dovun iwwerzeegt, datt dat wat vum Premier annoncéiert gouf „de richtege Wee ass fir Lëtzebuerg op alleguerten déi Erausfuerderungen, déi op eis zoukommen, virzebereeden“.

Ekonomie ukuerbelen a Recettë generéieren

D’Fro nom Géigefinanzéiere vun den ugekënnegte Mesurë wier legitim, mee si wier zum Beispill an de leschte fënnef Joren net gestallt ginn, huet de Fraktiounspresident vun der CSV betount.

Et géif een dovun ausgoen, datt wann d‘Ekonomie ugekuerbelt gëtt, dat op der anerer Säit Recettë generéiert.

Gilles Baum: Géint Stigmatiséierung vun der Aarmut

Den DP-Fraktiounschef Gilles Baum huet de Moien an der Chamber den Appell widderholl, de Logementsproblem an de Kampf géint d’Aarmut zesummen unzegoen. Dës Absicht hätt d’Regierung gëschter an der Ried zur Lag vun der Natioun confirméiert. D‘Logementsproblematik dréit zum Aarmutsrisiko bäi a stellt e Risiko fir de Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg duer, betount den DP-Politiker.

Et misst een dofir suergen, datt méi Leit vun de ville staatlechen Hëllefen, déi et ginn, géife profitéieren, wa si dofir a Fro kommen. D‘Aarmut dierft net stigmatiséiert ginn. Kee bräicht sech dofir ze schumme fir staatlech Hëllefen unzehuelen, esou nach de Fraktiounschef vun der Demokratescher Partei.