De Lëtzebuerger Modell vum Sozialdialog stäerkt de Standuert Lëtzebuerg, Den Dialog wier keen Zeeche vu Schwächt mee et wier ee Symbol vu Stäerkt esou den CSV-Fraktiounspresident Marc Spautz a senger Ried. Nëmme mat deem, kéint een déi grouss Erausfuerderunge, déi op d‘Gesellschaft duerkommen, meeschteren.
Deemno begréisst de Marc Spautz dem Premier Luc Frieden seng Ausso, sech nach dëse Mount wëlle mat de Gewerkschaften un een Dësch ze sëtzen. De Fraktiounspresident wier iwwerzeegt, datt de Premier et hikritt, de Sozialdialog nees zu "deenen ale Stäerkten" ze bréngen.
Frieden: Sozialdialog heescht net, ëmmer mat allem averstanen ze sinn
Haut, den 10.01 huet de Premier Luc Frieden Rendez-vous mat Organisatiounen an ONGen. Nächst Woch ass et dann um Tour vun de Gewerkschaften. De Luc Frieden betount, datt een am Sozialdialog net ëmmer kéint dovun ausgoen, datt ee mat allem averstane wier.
Ervirgehuewe gouf um CSV Neijoerschpatt, datt d’Kafkraaft vun de Stéit verbessert gi wier. Duerch steierlech Moossnamen an duerch d’Moossnamen am Wunnengsbau.