Radioen

On air

Soundcheck  |  Jordan Rakei bei de BBC Proms 2024

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Piraten: Majoritéit stëmmt fir Statutenännerung

No turbulentem Joer

Piraten: Majoritéit stëmmt fir Statutenännerung

Sonndeg an enger Woch kommen d’Membere vun der Piratepartei fir hire Landeskongress zesummen. Bis gëschter konnten d’Statutenännerungen an engem Online-Vott ofgestëmmt ginn, do hu 75 Prozent vun de Memberen déi um Vott Deel geholl hunn, dofir gestëmmt. Um Kongress soll dann definitiv driwwer entscheet ginn. 

auto_stories

1 min

No deem éischter turbulente Joer fir d’Piratepartei, an dem Verloscht vun enger ganzer Rei un Mandataire, wëllt een och mat där Statutenännerung d’Participatioun stäerken. Do ass virgesinn, datt Memberen déi kee politescht Mandat hunn sech fir d’Parteileedung kënne mellen. 7 där Poste sinn elo virgesinn, a bis gëschter hu 7 Parteimemberen hir Kandidatur erageschéckt. Et ass keng eng Fra ënnert deene 7.

An der Statutenännerung ass och virgesinn datt an Zukunft dräi Persounen d’Koordinatioun vun der Partei assuréieren, amplaz vun enger. An och do ginn et dräi Kandidaturen: De Starsky Flor, de Claude Legrand an de Ben Lomel hu sech fir déi Poste gemellt. 

Fir d’Tresorerie kandidéieren d’Paula Couto an de Raymond Remakel.

Fir déi 12 Poste kënnen d’Piraten online driwwer ofstëmmen, mee et gëtt nach ëmmer d’Méiglechkeet sech um Kongress nächste Samschdeg ze mellen.