Radioen

On air

Tockcity  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ADR wëllt Deel vun der EKR-Fraktioun am Europaparlement bleiwen

Neijoerschpatt vun der ADR

ADR wëllt Deel vun der EKR-Fraktioun am Europaparlement bleiwen

Fir 2025 wëllt d’ADR sech d’Aufgab ginn an onsécheren Zäite fir Orientéierung a Stabilitéit ze suergen. Esou d'Parteipresidentin Alexandra Schoos um Méindegowend um Neijoerschpatt vun der ADR. Lëtzebuerg kéint houfereg sinn, politesch stabil do ze stoen, virun allem am Verglach zu den Nopeschlänner.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Sté Bisenius

D'Stäerkt vu Lëtzebuerg wier et, datt een trotz Meenungsverschiddenheeten ëmmer nach matenee schwätze kéint, mengt d'ADR-Presidentin.

Weiderhi géint Alphabetiséierung op Franséisch

D'ADR wëllt fir d'Joer 2025 seng Positioun a Saachen Technologie, Gesondheetsversuergung, Sécherheet a Wirtschaft weider ausbauen. Och an d'Bildung misst weider investéiert ginn. D'Alexandra Schoos mécht awer kloer, datt d'ADR weiderhi géint eng Alphabetiséierung op Franséisch ass.

"Dat féiert an eisen Aen zu Parallelgesellschaften. Mir mussen et fäerdeg bréngen, eng Integratioun vun alle Kanner a Jugendlechen ze erreechen an net scho mat der Schoul, eis Jugend an zwee verschidde Gesellschaften ze splécken.“

D'Schoul an déi lokal Veräiner wieren ee gudde Schlëssel fir eng gutt Integratioun, esou d'Alexandra Schoos.

Interview vum Fernand Kartheiser an der Linn vun der ADR

E Sujet, deen d'ADR virun de Chrëschtdeeg beschäftegt huet, waren d'Diskussioune ronderëm een Interview vum neien Europadeputéierte Fernand Kartheiser, deen hien enger russescher Zeitung ginn hat.

Hie wier ze pro-russesch, esou de Virworf vu senger Fraktioun am EU-Parlament, der rietskonservativer.

An engem Bréif gouf hien elo opgefuerdert, seng d'Aussoen an dem Interview ze erklären. Fir de Fernand Kartheiser ware seng Äusserungen op der Linn vun der ADR. D'Partei wier fir eng Verhandlungsléisung a géint Sanktiounen, well d'Ekonomie immens drënner leide géif. 

"Dat si kloer Saachen, déi mer och am Walprogramm haten. Also dat ass eng Saach, wou d'Partei natierlech och derhannert steet."

Austrëtt aus EKR-Fraktioun net virgesinn

D'Parteipresidentin Alexandra Schoos huet sech hanner de Fernand Kartheiser gestallt. Si ënnersträicht gläichzäiteg, datt een net aus der EKR-Fraktioun wéilt austrieden.

De Fernand Kartheiser huet an Tëschenzäit schonn op de Bréif vu senger Fraktioun geäntwert. Ob déi Äntwerten duerginn, fir datt d'ADR weiderhin an der Fraktioun ka bleiwen, bleift deemno ofzewaarden.

Lauschterenplay_arrow