Radioen

On air

Kultur um 5  |  Loupe - Tested Waters

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 600.000 Luxtrust Token musse richteg entsuergt ginn

Vill Offall

600.000 Luxtrust Token musse richteg entsuergt ginn

600.000 Luxtrust Token waren am Ëmlaf a ginn elo net méi gebraucht. Zënter dem Ufank vum Joer ass den Token jo ofgeschaaft. Elo entsteet vill Offall, dee wéinst enger klenger Batterie, problematesch ka ginn.

auto_stories

1 min

© Luxtrust

Uechter d‘ganzt Land gëtt et Sammelplaze fir d‘Luxtrust Token, erkläert de Walter Boulin vu Luxtrust. Sief et an de Banken oder a Supermarchéen. Och eng Campagne géif ufänken, fir d‘Bierger:innen ze informéieren. Den Token soll iwwerdeems just entsuergt ginn, wann den Token desaktivéiert gouf.

Knapps 7 Prozent vun den Token, déi nach am Ëmlaf sinn, goufe bis Méindeg nach net ausgeschalt. Dat well d'Leit nach net d'Migratioun op d'Applikatioun gemaach hunn.

Lauschterenplay_arrow