2024 wier zum Beispill dat Joer gewiescht vun de sougenannten Apéri'touren duerch déi 24 Quartiere vun der Haaptstad. 1.800 Leit hätten do matgemaach. 4.000 Leit hätte schrëftlech eragereecht, wat ee kéint verbesseren.
Keng Visitt esou komplizéiert wéi déi vum Poopst
Dëst Joer géif een dann d'Conclusiounen aus deenen Tier zéien an och nach emol dohin zeréckgoen. Woubäi d'Iddi vun de Bierger:innen nëmmen, "Dank der grousser Famill vun der Stad" ëmzesetze wieren. E ganz speziellt Evenement zejoert war iwwerdeems an den Ae vun der Lydie Polfer d'Visitt vum Poopst François gewiescht.
"Mir hu jo als Gemeng scho vill där Visites d’Etat matgemaach. Ech krut gesot, et wier am Fong nach keng awer esou komplizéiert gewiescht wéi déi."
An dofir wier een ëmsou méi frou, datt alles esou gutt geklappt hätt. Genee wéi op de Chrëschtmäert uechtert d'Stad.
2025 d'Joer vum Trounwiessel
Dëst Joer steet ënner anerem den Trounwiessel un.
"Do wäerten all eis Servicer ganz vill mathëllefen. An ech weess elo schonn, datt mir kënnen op si alleguer zielen."
Fir déi eppes méi wéi 136.000 Awunner:inne vun der Stad schaffen eng 4.500 Leit bei der Gemeng. Déi Zuel nennt d'Lydie Polfer.
Ënner anerem nei Streck vum Tram gëtt ageweit
Donieft wäert et an den nächste Méint zu enger Rëtsch Aweiunge kommen, kënnegt d'Stater Buergermeeschtesch nach un. Am Januar déi vun enger provisorescher Schoul zu Dummeldeng, am Februar déi vun enger Crèche um Cents an am Mäerz déi vum Tram, deen da bis op de Findel fiert.
Doriwwer eraus ginn och nach d'Cinemathéik an de Conservatoire renovéiert a vergréissert.