Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ STATEC: Zu Lëtzebuerg gouf et d'lescht Joer 935 Faillitten

Manner wéi am Virjoer

STATEC: Zu Lëtzebuerg gouf et d'lescht Joer 935 Faillitten

D‘lescht Joer goufen 935 Faillitte geschwat. Dat geet aus engem Communiqué vum Statec ervir. Dat wier eng Baisse vu 7 Prozent par Rapport zum Joer 2022.

auto_stories

1 min

Faillite | © picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer
Faillite (Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer)

D‘Statistikamt schwätzt vun enger positiver Evolutioun, mee se misst nuancéiert ginn. D‘Baisse vun der Unzuel vun de Faillite kéim nämlech vun deenen Entreprisen, déi keng Mataarbechter hätten a vu Fongen an Holdingen.

Par Rapport zum Joer 2022 wier d‘Unzuel u Faillite vun den Entreprisë mat méi wéi engem Mataarbechter op där anerer Säit an d‘Luucht gaangen. Net iwwerraschend sinn den Immobiliesecteur an déi zesummenhänkend Secteuren am meeschte vun de Faillite betraff. Am Horeca-Secteur an am Commercë ginn et manner Faillitten.