Zanter 2019 huet sech d‘Fläch vun de Bauterraine bal hallwéiert: Si ass vu bal 2 Millioune Metercarré op 1,1 Millioun am Joer 2023 geschrumpft. Eng Baisse gëtt et souwuel am Residentiel, wéi am non Residentiel.
De Statec stellt dann och fest, datt d‘Baisse vun den autoriséierte Logementer a Kontradiktioun zu der Hausse vun der Populatioun steet. Am Residentiel wier ee mat knapp 4.450 autoriséierte Logementer um Niveau vun 2015. Just datt deemools nach 100.000 Leit manner Leit hei am Land gewunnt hunn.
D‘lescht Joer si knapps 1.000 individuell Haiser geneemegt ginn.